Dësen Artikel beschreift de Fiat Cinquecento vun 1992. Modeller bis 1976 an no 2007 sinn ënner Fiat 500 erëmzefannen.

An den 1992-1998er Joren huet Fiat en neie 500er gebaut, den Cinquecento, deen awer, bis op den Numm, näischt mat sengem legendäre Virgänger ze dinn hat.

Fiat Cinquecento

Seng Motorversioune vun 0,7, 0,9 an 1,1 Liter Hubraum an een no deemolegen Ufuerderungen uspriechendem Design hunn aus dem Cinquecento een Auto mat eegestännegem Image gemaach. D'Mall vum klengste Fiat huet 170 Liter, mat ëmgeklappte Récksëtzer léisst se sech awer op 810 Liter vergréisseren.

Den Nofollger gouf de Seicento (600), deen technesch um Cinquecento baséiert. De Fiat Seicento gëtt nach haut produzéiert.
De Fiat Cinquecento gouf haaptsächlech zu Tychy bei Krakau a Pole gebaut an et sinn iwwer eng Millioun Exemplare vum Band gelaf, déi et a verschiddene Versiounen ze kafe gouf.
Dëst weist sech och doran, datt vill Tuningfirmen Interessen um Cinquecento fonnt hunn, wat fir e Klengstauto net selbstverständlech ass.
Verschidden Agrëffer vun dësen Tuner hunn den Cinquecento schonn op 75 kW (102 PS) mat Turbolueder beim 1108 cm³ Modell bruecht - mat Stroossenerlaabnes.

Cinquecento 700cm³ änneren

Dës Variant ass de klengsten Cinquecento a gläichzäiteg och den eelsten. Se gouf schonn 1991 a Pole gebaut. Duerno gouf den Auto an Cinquecento ED oder Young ëmgedeeft.
Den Auto sollt en Nofollger gi fir de Fiat 126p, dee grad a Pole wäit verbreet war. Aus dëse Grënn gouf probéiert de Präis vum Auto staark erofzedrécken. D'Ausstattung ass deementspriechend moer ausgefall. Den niddrege Präis mierkt ee schonn um Motor, deen onverännert vum Fiat 126p BIS iwwerholl gouf. Et ass en Zweezylinder-Vergasermotor mat 704 cm³ an 23 kW an enger 4-Gang-Schaltung. Ufanks gouf den Auto ouni Katalysator ugebueden, wat sech awer no der Aféierung vun den Ofgasnorme geännert huet. Déi hënnescht Fënstere hu sech net opmaache gelooss an et gouf keng Scheiwewäschanlag fir d'Heckscheif.

Den Cinquecento ED mat 703 cm³ gouf vun Dezember 1991 bis Oktober 1998 produzéiert a war nëmme fir de polnesche Maart geduecht, gouf awer och an Italien ugebueden. An Däitschland ass dee Modell ni ugebuede ginn.

Aner Cinquecento Modeller änneren

Cinquecento 0.9 i.e. änneren

Déi eigentlech Standardversioun mat Véierzylindermotor a 29 kW bei 899 cm³ Hubraum. Säi maximalen Dréimoment vu 65 Nm erreecht e bei 3.000 U/min. En erfëllt d'Euro 1 Ofgasnorm an d'D3 Norm. De kompakte Fiat beschleunegt an 18 Sekonne vun 0 op 100, ass maximal 140 km/h séier a verbrauch 6,1 Liter Super op 100 km.
D'5-Gang-Schaltung ass serieméisseg.

Cinquecento 0.9 i.e.S änneren

Dëse Modell gëtt vum selwechte Motor ugedriwwe wéi den 0.9 i.e. Basismodell.

Den Cinquecento 0.9 i.e.S ass serieméisseg mat 5-Gang-Schaltung, vu banne verstellbare Baussespigelen, wäermtdämmend Verglasung, Digitalauer, Ausstellfënsteren hannen, Fernentrigelung fir d'Mall an an de leschte Serië mat Airbag op der Chaufferssäit aus der Fabrick komm. Fir e Klengstauto gouf et dat zu där Zäit net dacks.

Cinquecento 0.9 i.e. SX änneren

Dëse Modell gëtt och vum 0,9_Liter-Motor ugedriwwen. E gouf allerdéngs elektresch Fënsterhiewer, Stoussdämpfer, déi an der Autosfaarf lackéiert sinn, eenzelfaarweg hënnescht Luuchten, wäiss Winker an enger Mëttelconsole erweidert. Zentralverrigelung, Metallic-Lackéierung an asymmetresch gedeelt Récksëtzer waren op Wonsch och ze kréien.

Cinquecento Suite 0.9 i.e. änneren

Déi Versioun vum Cinquecento huet eendeiteg op Comfort geziilt an hat serieméisseg Klimaanlag, elektresch Fënsterhiewer an Zentralverrigelung. Als Motor gouf och hei d'0,9-Liter Variant agebaut.

Cinquecento Sporting änneren

 
Fiat Cinquecento Sporting

Déi sportlech Versioun vum Cinquecento hat e sportlecht Fuerwierk a war e kompakten a relativ leeschtungsfäegen Auto. De Sporting gëtt vun engem 1,1-Liter-Véierzylindermotor mat Asprëtzanlag ugedriwwen, dee 40 kW (55 PS) bei 5.500 U/min leescht an e maximalen Dréimoment vu 86 Nm bei 3.250 U/min erreecht. Sou sprint deen nëmme 735 kg liichten Auto an 13,8 Sekonne vun 0 op 100 an ass bis zu 150 km/h séier.

Mat déifgeluechtem Chassis, haart ofgestëmmte Stoussdämpfer an engem Stabilisator un der viischter Achs gouf den Auto un déi méi héich Ufuerderungen ugepasst. De Sporting hat serieméisseg Sportsëtzer, Liederssteierrad, Liichtmetallfelgen an en Dréizuelmiesser. Elektresch Fënsterhiewer oder Zentralverrigelung gouf et nëmmen als Extra.

Cinquecento Turbo änneren

Fir den Cinquecento Sporting hunn Tuningfirme wéi Novitec, Hörmann, G-Tech a Merkur Turbo-Embausätz ugebueden, déi de klengen Cinquecento a 7,9 Sekonne vun 0 op 100 beschleunegt hunn. Mat entspriechende Motorofstëmmunge war sou fir den Cinquecento d'200-km/h-Grenz kee Problem méi. No där Modifikatioun hat den Auto bis zu 74 kW (102 PS).

Um Spaweck änneren

Commons: Fiat Cinquecento – Biller, Videoen oder Audiodateien