Ferschweiler ass eng Uertsgemeng vun der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz.

Ferschweiler
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 1.021
 (31. Dezember 2022)
Fläch 741 ha
Héicht 345 m
Koordinaten 49° 51’ 47.29’’ N
      06° 24’ 18.67’’ O
Telefonszon 06523
Postcode 54668
Websäit https://www.ferschweiler.de/


Ferschweiler ëm 1600; Zeechnung am Jean Bertels sengem Inventairesbuch vum deem, wat d'Abtei Iechternach all Joer zegutt hat.

Se läit op engem Plateau vum Lëtzebuerger Sandsteen, Ferschweiler Plateau genannt.

Geschicht änneren

Ferschweiler gouf eng éischt Kéier 751 an enger Charte vum Klouschter Iechternach als Vilare ernimmt; et gëtt ugeholl, datt et op Reschter vun enger réimescher Besidlung zeréckgefouert ka ginn. Bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert ass d'Geschicht vu Ferschweiler enk mam Klouschter Iechternach verbonnen, deem et weltlech wéi kierchlech ënnerstallt war. A Chartë vun 1069 an 1148 gëtt d'Uertschaft Wilre genannt, als Vertswiler gëtt 1161 eng „ecclesia“, 1410 eng Kapell ernimmt. 1528 gouf et zu Verswiler néng Stéit.

1538 gouf eng Kierch am spéitgotesche Stil gebaut; den Tuerm dovun, no der Hl. Lucie Luzienturm genannt, steet nach haut do.

Awunner änneren

  • 1815 – 418
  • 1835 – 746
  • 1871 – 697
  • 1905 – 761
  • 1939 – 1151
  • 1950 – 834
  • 1961 – 996
  • 1965 – 950
  • 1970 – 965
  • 1975 – 941
  • 1980 – 912
  • 1985 – 905
  • 1987 – 877
  • 1990 – 921
  • 1995 – 903
  • 2000 – 866
  • 2005 – 893
  • 2007 – 886

Datequell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz

Kuckeswäertes änneren

  • * De Luzienturm.
  • D'Ferschweiler Mille vu 1767 am Dall vun der Weilerbaach.
  • D'Parkierch St. Luzia, 1826 gebaut, an no 1947 restauréiert.

Literatur änneren

  • Christian Oberweis: Der Ferschweiler Leute Buch, 2001.

Um Spaweck änneren

Commons: Ferschweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien