De Ferdinand Rau, genannt Fernand, gebuer de 7. Oktober 1940 zu Hesper, a gestuerwen den 2. Juni 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.

Fernand Rau
Gebuer 7. Oktober 1940
Hesper
Gestuerwen 2. Juni 1994
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei ADR

Hie war Bankemployé a vun 1965 bis 1970 Wirtschaftsjournalist am Luxemburger Wort. Vun 1972 bis 1978 war hien Universitéitsdozent.

Politesch war hien Ufanks fir d'CSV aktiv a war vun 1979 un Deputéierten an der Chamber fir déi Partei. Am November 1992 ass hien no engem Sträit ëm d'Plaz als Member vun der Europäescher Kommissioun, deen e versprach awer net kritt hat, aus der CSV aus- an am Mäerz 1993, zesumme mat senger Fra Hilda Rau-Scholtus, an d'ADR agetrueden[1].

No him ass d'Loi Rau (mam ganzen Numm: Loi visant à favoriser les investissements productifs des entreprises et la création d'emplois au moyen de la promotion de l'épargne mobilière) genannt, déi Virbild fir änlech Gesetzer a Frankräich an an der Belsch gouf.

De Fernand Rau ass un de Follge vun engem Autosaccident gestuerwen.

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2008-05-01. Gekuckt de(n) 2008-10-10.