De Fernand Brosius, gebuer de 15. Mee 1934 zu Nidderkuer[1], a gestuerwen de 14. Januar 2014[2], war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.

Fernand Brosius
Gebuer 15. Mee 1934
Nidderkuer
Gestuerwen 14. Januar 2014
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp C.A. Spora Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Foto vun der Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewen v.l.n.r. Jempi Fiedler, Bizzi Konter, Erny Brenner, Jim Hoffstetter, Fernand Brosius, Nico Schmitt
Ënnen v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot

De Fernand Brosius war Spiller bei der Spora.

Tëscht dem 30. September 1956 am 20. Mäerz 1966 huet hie 57-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt. Dobäi hat hien e Gol geschoss, an zwar den 19. Mäerz 1961 zu Lissabon géint déi portugisesch Nationalekipp (Resultat: 6:0). Dommerweis hat en de Ball an déi eege Këscht gedréckt.[3]

Referenzen änneren

  1. De Fernand Brosius op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. "De fréieren Nationalspiller Fernand Brosius ass dout." rtl.lu, 17.01.2014, 06:39.
  3. d'Lëscht vun de Lännermatcher vum Fernand Brosius op European Football