Fernand Bertemes

lëtzebuergesche Moler

De Fernand ("Fern") Bertemes, gebuer de 16. August 1964 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Moler.

Fernand Bertemes
Gebuer 16. August 1964
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Geschwëster Marc Bertemes

Liewen a Wierk änneren

De Fernand Bertemes ass an der Escher Maternité op d'Welt komm; seng Famill huet zu Näerzeng gewunnt. Hien ass dem Marc Bertemes säi grousse Brudder.[1] Hien huet op der Universiteit zu Stroossbuerg (1983-1987) an op der École supérieure des arts décoratifs (1986-1988) och do, studéiert.[2]

De Bertemes ass Member vum Cercle Artistique de Luxembourg,[3] a stellt op deem senge Salonen aus. Donieft huet hien Ausstellungen ë. a. a Frankräich gehat an huet eng Rëtsch Auszeechnunge fir säi Wierk kritt.

Hie wunnt a schafft ofwiesselnd zu Paräis an an der Stad Lëtzebuerg.

Auszeechnungen änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Gebuertsannonce vum Fernand Bertemes], Gebuertsannonce vum Marc.
  2. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 24-25. Archivéiert den 20. Juni 2023.
  3. "BERTEMES Fernand", Cercle Artistique de Luxembourg. Archivéiert den 20. Juni 2023.