De Fernão Vaz Dourado, gebuer ëm 1520 zu an der deemoleger potugisescher Kolonie Goa (Indien) a gestuerwen ëm 1580, war e portugisesche Kartograph, deen zu de beschte Kartographe vu senger Zäit gezielt gëtt. Iwwer hie selwer ass sou gutt wéi näischt bekannt.

Nautesch Kaart vu 1571, mat der Nordwestküst vun Afrika (Portugisesch Nationalarchiv Torre do Tombo, Lissabon).

Dem Dourado seng Kaarten, déi bis haut erhale sinn, si vun ausseruerdentlecher Qualitéit a Schéinheet.

6 Atlante mat nautesche Kaarte vun him aus der Zäit vu 1568-1580 si bekannt:

  • 1568 - 20 Manuskriptbéi op Pergament, déim dem D. Luiz de Ataíde dédicacéiert sinn (Biblioteca Nacional, Madrid);
  • 1570 - 20 Manuskriptbéi op Pergament (Huntington Library, San Marino, USA)
  • 1571 - 20 Manuskriptbéi op Pergament, zwee sinn der am 19. Jh. gestuel ginn (Torre do Tombo, Lissabon)
  • ëm 1576 - 20 Manuskriptbéi op Pergament (Biblioteca Nacional de Portugal, Lissabon)
  • 1575 - 21 Manuskriptbéi op Pergament (British Museum, London)
  • 1580 - 20 Manuskriptbéi op Pergament (Biblioteca Nacional de Portugal, Lissabon)

Am Atlas vu 1568 si fir d'éischt Kéier groussformateg Kaarte vu Ceilão (Sri Lanka) a Japan ze gesinn, déi méi spéit vu ville Kartograhe kopéiert goufen. Och seng Kaart vun Nordwest-Afrika ass vu grousser Prezisioun.

Literatur änneren

  • Fialho, João Ramalho (2007) – Navegações Portuguesas: Fernão Vaz Dourado. (pt)
  • Cortesão A. and Mota, Teixeira da (1987)– Portugallae Monumenta Cartographica. Imprensa Nacional – Casa da Moeda, Lisboa. (pt)

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kaarte vum Dourado – Biller, Videoen oder Audiodateien