Fauvillers

belsch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg

Fäteler (fr: Fauvillers, de: Feitweiler, oder och Fauweiler a Feiteler) ass eng belsch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg.

Fauvillers
lb: Fäteler
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Awunner 2.253 (1. Januar 2018)
Fläch 7.411
Koordinaten 49° 51’ 05.11’’ N
      05° 39’ 50.42’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6637
Websäit https://www.fauvillers.be

Op Wallounesch heescht Uertschaft Fêviè a gouf fréier och Foedeler genannt. Am 7. Joerhonnert gëtt se ënner dem Numm Flitvilar a géint 1184 ënner dem Numm Fauiler ernimmt.

Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen aus der Fusioun mat Hollange an Tintange a besteet haut aus follgende Sektiounen an Uertschaften:

Geschicht änneren

D'Gemeng gouf 1795 ënner dem franséische Regime gegrënnt, a war vun do un, bis nom Premier Empire Haaptuert vun engem franséische Kanton an duerno bis haut vun engem belschen, mat Sëtz vun engem Friddensgeriicht bis 1970.

Um Territoire vun der Gemeng goufe Reschter aus der Bronzezäit fonnt, grad sou wéi där vun de Gallier a Réimer.

Een Deel vun der Gemeng huet am 12. Joerhonnert der Abtei vu Saint-Hubert gehéiert, an am 15. Joerhonnert zur Meierei vun Hotte. Se war och deelweis am Besëtz vun der Grondhäre vu Bodange.

Um Spaweck änneren

Commons: Fauvillers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Säit vun der Gemeng