Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Fat Man (engl. Décke Mann) ass de Codenumm vun der Atombomm, déi den 9. August 1945 iwwer Nagasaki vun engem US-amerikanesche B-29 Bomber erofgeworf gouf. Se ass ronn 550 Meter iwwer der Mitsubishi-Waffefabréck explodéiert an hat eng Sprengkraaft vun 21 Kilotonnen TNT-Equivalent. Et war déi zweet - an och déi lescht - Atombomm déi an engem Krich agesat gouf, dräi Deeg nodeem Little Boy op Hiroshima geworf gi war.

Replique vum Fat Man am Wright-Patterson Air Force Museum
Monument zu Nagasaki dat de Ground zero vun der Explosioun markéiert

Um Spaweck änneren

Commons: Fat Man – Biller, Videoen oder Audiodateien