De Faschismus ass eng politesch Ideologie, déi op eng extreem Aart a Weis an der konter-revolutionärer Beweegung 1919 bis 1922, a spéider ënner der Diktatur vum Benito Mussolini, an Italie Fouss faasst.

De réimesche fascis

Hir Unhänger gi Faschiste genannt.

D'Symbol war den alréimesche "fascis", eng Gaarf Rudden, an där e Beil mat agebonne war, als Zeeche vun der Muecht a vum Recht ze bestrofen.

Als Regierungsform, déi souwuel autoritär, pyramidal opgebaut ("Führerprinzip", eng eenzeg Massepartei) an och sozial oder "völkesch" orientéiert war/ass, ass de Faschismus totalitär a prinzipiell och imperialistesch: hie beherrscht eleng, duerch déi eenzeg zougeloosse (faschistesch) Partei, déi dem "Duce" (Führer, op Däitsch) total ënnerworf ass, dat ganzt politescht, sozio-ekonomescht, kulturellt an edukatiivt Liewe vun der Gesellschaft, identifizéiert sech absolut mam Staat, kontrolléiert eleng sämtlech polizeilech a militäresch Institutiounen a versicht un déi alréimesch Gréisst duerch ë. a. d'Erweiderung vum Kolonialräich unzeknäppen (Libyen, Eritrea, Somalia, Ethiopien). Dobäi spillen eng gewësse pseudo-reliéis Mystik, d'Militariséierung vun der Gesellschaft a besonnesch d'Gewalt eng wichteg Roll.

De Faschismus léisst keng aner politesch Beweegungen oder Parteien zou. Hien ass weeder "lénks" nach "riets", mee ganz eleng, eben totalitär, angeblech am Déngscht vun alle Membere vun der Volleksgemeinschaft. A wien net matmécht, gëtt als Feind betruecht a verfollegt.


Um Spaweck änneren

Commons: Faschismus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren