De Fantasio ass eng Comicfigur an ass Redakter am Journal de Spirou.

Fantasio
Createur Jean Doisy, Jijé
Ass en(g) Comicfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Reporter, Sekretär
Universum
Present am Spirou et Fantasio,
L'Ankou,
Gaston
Produktiounsland Belsch

De Fantasio kënnt vun der Serie Spirou et Fantasio, déi 1938 vum Rob-Vel fir de Start vum Journal de Spirou geschriwwen an och gezeechent gouf. De Personnage vum Fantasio gëtt 1944 agefouert, well de Chefredakter Jean Doisy vum Jijé, deen d'Serie 1940 iwwerholl hat, verlaangt huet, nieft de Spirou e méi fantasieräiche Personnage ze setzen, fir der Serie e wéineg méi e geckegen Toun ze ginn.

Am Ufank huet de Fantasio ganz staark un den amerikaneschen Held vun der Serie Blondie erënnert. De Fantasio huet sech ausgezeechent als eng Zort verréckten Erfinder a Gaffeur - u sech war hie vis-à-vis vum Spirou genee dat wat spéider de Gaston Lagaffe vis-à-vis vun him wäert sinn.

1946 iwwerhëlt den André Franquin d'Serie Spirou et Fantasio. Hie gëtt de Geschichte méi Komplexitéit an hie féiert och eng ganz Rei Niewepersonnagen an. Sou och ufanks 1957 de Gaston Lagaffe, dee schonn Enn 1957 eng eege Serie kritt, als Bürosjong vum Fantasio an der Redaktioun vum Journal de Spirou. Wéi de Franquin d'Serie Spirou et Fantasio schlussendlech un de Jean-Claude Fournier ofgëtt, ersetzt de Prunelle de Fantasio als dem Gaston säi Chef, well de Franquin net wollt, datt sech zwéin ënnerschiddlech Fantasioe sollten entwéckelen.

D'Figur vum Fantasio gëtt also weidergezeechent vum Fournier, du vum Nic a Broca, schliisslech vum Tome a Janry, a kierzlech vum Munuera a Morvan.