Félix de Blochausen

lëtzebuergesche Politiker

De Baron Félix de Blochausen, gebuer de 5. Mäerz 1834 um Schlass Biertreng an do gestuerwen den 21. November 1915[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

Félix de Blochausen
De Félix de Blochausen op engem Portrait vum Ferdinand d'Huart
Gebuer 5. Mäerz 1834
Schlass Biertreng
Gestuerwen 15. November 1915
Schlass Biertreng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Diplomat, Politiker
Partei keng
D'Biertrengerschlass, Heemechtshaus vum Félix de Blochausen

Hie war vum 14. Dezember 1866 bis den 3. Dezember 1867 Generaldirekter (Minister) fir den Interieur an der Regierung de Tornaco.

1872-1873 war hie President vun der Chamber. De 26. Dezember 1874, nom Récktrëtt vum Emmanuel Servais, gëtt hien zum Staatsminister, Regierungspresident a Generaldirekter fir Aussebezéiungen ernannt. 1882 ass hie kuerz och fir d'Finanzen zoustänneg. Ënner senger Regierung goufen d'Strofgesetzbuch an d'Schoulwiese reforméiert.

Den 20. Februar 1885 huet de Blochausen missen demissionéieren, well en op der Bourse ze vill vu sengem Insider-Wësse profitéiert hat.

Vun 1893 bis 1915 war hie President vun der Société agricole grand-ducale.

Gielercher an Éierungen änneren

  • Eng Strooss zu Bouneweg: rue Félix de Blochausen (PLZ 1243) ass no him genannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Décès de M. le baron de Blochausen, ancien Ministre d'Etat, Président du Gouvernement (21 novembre). query.an.etat.lu (1915). Gekuckt de(n) 2020-07-15.
  2. Memorial A N° 3 vun 1881 Säit 42 Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-02-06.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 (fr)Oeuvre du monument. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (6. Juli 1876). Gekuckt de(n) 2023-10-17.