Fédération aéronautique luxembourgeoise

D'Lëtzebuerger Loftfaartfederatioun, offiziell Fédération aéronautique luxembourgeoise, gekierzt FAL, ass den nationale Verband vun de Sportsveräiner aus der Loftfaart zu Lëtzebuerg.

Fédération aéronautique luxembourgeoise
Ofkierzung FAL
Grënnungsdatum 28. November 1909
Sëtz 3, route d'Arlon
L-8009 Stroossen
President Frank Engel
Generalsekretär Jean-Claude Weber
Tresorier Jang Lorang
Member vu(n) COSL, FAI
Websäit https://aeroclub.lu/

D'FAL ass 1909 gegrënnt an den 19. Oktober 2006 als ASBL am Handelsregëster registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL a vun der Fédération aéronautique internationale (FAI). D'Federatioun bréngt all Acteure vun der Loftfaart zu Lëtzebuerg zesummen, fir dee Secteur op nationalem an internationalem Plang ze representéieren a fir d'Aktioune vun hire Memberen ze koordinéieren an z'ënnerstëtzen.

Geschicht änneren

D'Wuerzele vun der Federatioun ginn op d'Gebuertsstonn vum Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg zeréck, deen den 28. November 1909 gegrënnt gouf, fir am Juni 1910 d'Semaine de l'aviation de Mondorf-les-Bains z'organiséieren.[2]

Den Numm vum Club huet am Laf vun de Joren e puermol changéiert: Aéro-Club luxembourgeois, Aéro-Club du Luxembourg, Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg, Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg (Fédération aéronautique luxembourgeoise)[3]. 1988 gouf se a Fédération aéronautique luxembourgeoise, mam Zousaz a Klammeren Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg ëmgenannt. Den Zousaz gouf 2011 gestrach.

Organisatioun änneren

Presidenten änneren

De President vun der FAL ass de Frank Engel.

Fréier Presidenten änneren

  • 1963 – 1972: Joseph Beck
  • 1972 – 1982: Norbert Theisen
  • 1982 – 1986: Pit Thibo
  • 1986 – 1991: Pit Klein
  • 1991 – 2006: Jean Birgen
  • 2006 – 2016: Carlo Lecuit
  • zënter 2016: Frank Engel

Membere vun der FAL, der Branche no[4] änneren

Aeronautesche Patrimoine änneren

  • Lëtzebuerger Fligermusée

Ballonfueren änneren

  • Cercle luxembourgeois de l'aérostation
  • Commune aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg
  • Lëtzebuerger Ballons Club

Fallschiermsprangen änneren

  • Cercle Para Luxembourg

Fräie Fluch änneren

  • Cumulux Paragliding Club

Komplementar Loftfaartaktivitéiten änneren

  • AOPA Luxembourg
  • Luxembourg Approach Controllers Association

Modellfligerbau änneren

  • Les aéromodélistes d'Olm
  • Aéro Club Dudelange
  • Modell-Club petite suisse Berdorf
  • Modellfligerklub Miersch
  • Aéromodèlistes Ettelbruck
  • Model Flyers Luxembourg
  • Modellballonen Lëtzebuerg

Microaviatioun (ULM a Motorschierm) änneren

  • Aéroplume Luxembourg
  • Paramoteur Club Luxembourg

Motoraviatioun änneren

  • Aéro-Sport
  • Avialux
  • Avia-sport II
  • Luxembourg Aerobatic Association
  • Piper Club
  • Young Pilots Luxembourg

Seegelfluch änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F6034 agedroen
  2. 5.-12. Juni 1910. Quell: Klensch, Albert, 1910. Semaine de Mondorf-les-Bains (5—12 juin 1910) - Le meeting de Mondorf-les-Bains sera un grand événement sportif - Les cinq aviateurs inscrits. L'indépendance luxembourgeoise 03.06.1910. Permalink: https://persist.lu/ark:70795/zm257q/articles/DTL44
  3. Extrait du procès-verbal de l'assemblée générale du 23 février 1980, (lbr.lu)
  4. (en)Fédération Aéronautique Luxembourgeoise - Branches. Gekuckt de(n) 2023-12-18.