Evolutioun (aus dem Laténgeschen evolvere - ofwéckelen) bezeechent allgemeng e Prozess dee kontinuéierlech d'Propriétéite vun engem System verännert. Evolutioun bezeechent e Prozess deen duerch d'Kräfte vun der Natur gesteiert gëtt, deen also net op e viergezeechent Zil ausgeriicht ass.

Well et vill verschidde Systemer a Prozesser gëtt, gëtt d'Wuert Evolutioun a verschiddene Gebidder agesaat. Sou kann een ënnerscheeden:

Ënner biologescher Evolutioun versteet een déi Verännerungen (Prozesser) déi vun der onbeliefter Matière zu den éischte Liewensformen a vun do aus zu der Vielfalt vun de Liewewiese vun haut gefouert hunn.
Kuckt och Kulturgeschicht a Soziale Wandel.

Kuckt och: Wëssenschaftlech Theorie.

Originne vum Begrëff Evolutioun änneren

De Begrëff evoluéieren bezeechent ursprénglech (1622) d'Oprulle vun engem Buch. 1832 gouf d'Wuert fir d'éischt vum schottesche Geolog Charles Lyell (1797-1875) am moderne wëssenschaftleche Sënn vum Wuert gebraucht.

Den Charles Darwin, de Grënner vun der moderner Evolutiounstheorie, huet d'Wuert nëmmen eemol gebraucht, an zwar am leschten Abschnitt vu sengem Buch vun 1859 (On the Origin of Species). Dëst warscheinlech well d'Wuert am 18. Joerhonnert an der sougenannter Homunculus-Theorie vun der embryologescher Entwécklung am Gebrauch war, an do mat der Iddi vun engem op en Zil geriichte Prozess verbonne war, wat dem Darwin senger Iddi vun der biologescher Evolutioun net entsprach huet.

De brittesche Philosoph Herbert Spencer (1820-1903) a Biologen, hunn an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert d'Wuert am Sënn vun der biologescher Evolutioun populariséiert.

Quell: Online Etymology Dictionary.

Literatur änneren

  • Dose, Klaus, ????. Chemische Evolution und der Ursprung lebender System. In: Hoppe, W., W. Lohmann, H. Markl, H. Ziegler, ????. Biophysik. Springer-Verlag. ISBN 35401133552 ?
  • Ebeling, Werner, ????. Physik der Evolutionsprozesse. Akademie-Verlag, Berlin. ISBN 3-05-500622-4.
  • Mayr, Ernst, ????. Das ist Evolution. C. Bertelsmann. ISBN 3-570-12013-9.
  • von Ditfurth, Hoimar, ????. Im Anfang war der Wasserstoff. Knaur. ISBN 3-426-03395-X.
  • von Ditfurth, Hoimar, ????. Der Geist fiel nicht vom Himmel. Hoffmann und Campe. ISBN 3-455-08967-4.

Um Spaweck änneren


Commons: Evolution – Biller, Videoen oder Audiodateien