Eva Perón

argentinesch First Lady

D'María Eva ("Evita") Duarte de Perón, gebuer de 7. Mee 1919 zu Los Toldos an der Pampa a gestuerwen de 26. Juli 1952, war eng argentinesch Schauspillerin, Aktivistin a Gewerkschaftlerin, a war, als zweet Fra vum President Juan Perón (1895-1974), vun 1946 bis zu hirem Doud 1952, First Lady vun Argentinien.

Eva Perón
Gebuertsnumm María Eva Duarte
Gebuer 7. Mee 1919
Gestuerwen 26. Juli 1952
Buenos Aires
Nationalitéit Argentinien
Aktivitéit Politiker, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Gewerkschaftler, Fraerechtler
Famill
Bestuet mat Juan Perón

No hirer Kandheet um Land ass si 1934, mat 15 Joer, an d'Haaptstad Buenos Aires geplënnert, fir do Theater-, Radio- a Filmschauspillerin ze ginn. 1944 huet si de Kolonell Juan Perón kennegeléiert an dat Joer drop bestuet. De Juan Perón gouf 1946 zum President vun Argentinie gewielt, an d'Eva Perón huet sech an der Confederación general de trabajo (CGT), enger pro-Peronistescher Gewerkschaft, engagéiert, a sech fir d'Aarbechterrechter agesat. Si war och Ministesch fir Aarbecht a Gesondheet, an huet d'Fundación Eva Perón gegrënnt, eng karitativ Hëllefsorganisatioun, vun där se och Presidentin war. Ausserdeem huet si sech fir d'Fraewalrecht an Argentinien engagéiert, an huet déi éischt Fraepartei an hirem Land gegrënnt a geleet.

1951 huet si kandidéiert fir de peronistesche Kandidat fir d'Vizepresidente-Walen ze ginn, ma déi staark Oppositioun souwuel vu Militär wéi vun der Bourgeoisie, an och hiren ëmmer méi schlechte Gesondheetszoustand hunn dee Projet zum Echec bruecht. No hirem Doud, mat just 33 Joer, als Folleg vun engem Kriibs, krut si posthum den Éierentitel Jefe Espiritual de la Nacion ("Spirituelle Leader vun der Natioun") a gouf an engem Staatsbegriefnes bäigesat.

Schonn als First Lady hat si iwwer d'Grenze vun hirem Land eng gewëss Notoritéit, mä et war besonnesch de Musical Evita aus dem Joer 1976, sou wéi och de Film mam nämmlechten Titel, déi se baussent Latäinamerika, wou s'eng Ikon war, bekannt gemaach hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Eva Perón – Biller, Videoen oder Audiodateien