Eurydome (Mound)

Jupitermound


Den Eurydome (oder Jupiter XXXII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Eurydome
(Jupiter XXXII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 4
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 22.865.000 km
Periapsis 16.554.300 km
Apoapsis 29.175.700 km
Exzentrizitéit 0,276
Ëmlafzäit 717,3 Deeg
Ëmlafvitess 2,32 km/s
Inklinatioun 150,3°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Dicht ? g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,7
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 9. Dezember 2001

Entdeckung änneren

Den Eurydome gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Déi virleefeg Bezeechnung war S/2001 J 4.

De Mound gouf no der Eurydome, enger vun de Chariten aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

De Mound Eurydome kreest a 717 Deeg a 7 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 22.865.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,276. Mat enger Inklinatioun vun 150,3° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Eurydome zu der Pasiphae-Grupp gerechent, genannt nom Jupitermound Pasiphae. Den Eurydome ass de bannenzegste Member vun der Grupp.

Physikalesch Daten änneren

Den Eurydome huet an der Moyenne en Duerchmiesser vun zirka 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. De Mound ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Eurydome huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,7m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren