Eurovision Song Contest 1967

12. Eurovision Song Contest
Datum 8. Abrëll 1967
Stad Wien (Éisträich)
Gebai Großer Festsaal der Wiener Hofburg
Gewënner Sandie Shaw (Groussbritannien)
Zuel vu Länner 17
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Erika Vaal
Interval Act Wiener Sängerknaben
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.

Den 12. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix de la Chanson) war den 8. Abrëll 1967 an Éisträich. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Grousse Festsall vun der Wiener Hofburg zu Wien. Presantatrice war d'Erika Vaal.

De Festsall, 2007

Dänemark hat sech vum Grand Prix zeréck gezunn (bis 1978), dofir ass d'Zuel vun de Länner op 17 erofgaangen.

E puer Sänger ware schonn emol virdrun eng Kéier dobäi, de Claudio Villa fir Italien 1962, d'Kirsti Sparboe fir Norwegen 1965, an de Raphael fir Spuenien 1966.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass nees geännert ginn: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Hallschent vun der Jury huet missen ënner 30 Joer al sinn. D'Jury konnt am Ganze sou maximal 10 Punkte verginn fir dat bescht Lidd. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Wien iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Groussbritannien, d'Sandie Shaw mat 25 Punkte Virsprong virum Sean Dunphy (Irland). Déi drëtt Plaz krut d'Noëlle Cordier, déi fir Frankräich ugetruede war. Et war déi éischt Kéier dat Groussbritannien gewonnen hat, nodeem et bis dohi fënnefmol Zweete gi war.

D'Gewënnerlidd Puppet on a string ass a ganz Europa e groussen Erfolleg ginn, awer och dem Vicky Leandros säi Lidd L'amour est bleu hat grousse Succès.

Klassement änneren

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Groussbritannien Sandie Shaw Puppet on a String 47
2. Irland Sean Dunphy If I Could Choose 22
3. Frankräich Noëlle Cordier Il doit faire beau là-bas 20
4. Lëtzebuerg Vicky Leandros L'amour est bleu 17
5. Monaco Minouche Barelli Boum Badaboum 10
6. Spuenien Raphael Hablemos del amor 9
7. Belsch Louis Neefs Ik heb zorgen 8
8. Schweden Östen Warnerbring Som en dröm 7
8. Däitschland Inge Brück Anouschka 7
8. Jugoslawien Lado Leskovar Vse rože sveta 7
11. Italien Claudio Villa Non andare più lontano 4
12. Portugal Eduardo Nascimento O vento mudou 3
12. Finnland Fredi Varjoon – suojaan 3
14. Holland Thérèse Steinmetz Ringe-dinge-ding 2
14. Éisträich Peter Horten Warum es 100.000 Sterne gibt 2
14. Norwegen Kirsti Sparboe Dukkemann 2
17. Schwäiz Géraldine Quel cœur vas-tu briser? 0

Um Spaweck änneren

Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)   London (Groussbritannien)
ESC 1966 Eurovision Song Contest ESC 1968