Eurovision Song Contest 1963

8. Eurovision Song Contest
Datum 23. Mäerz 1963
Stad London (Groussbritannien)
Gebai BBC Television Centre
Gewënner Grethe & Jørgen Ingmann (Dänemark)
Zuel vu Länner 16
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Katie Boyle
Interval Act Ola a Barbro
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen 20 Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt fir déi 5 bescht Lidder ofgestëmmt.

Den 8. Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest Grand Prix), war den 23. Mäerz 1963 zu London. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am BBC TV Centre zu London. Presantatrice war fir déi zweet Kéier d'Katie Boyle. Eigentlich wier Frankräich un der Rei gewiescht mat der Organisatioun, awer si haten de Grand Prix eréischt 1959 an 1961 zu Cannes organiséiert an dofir hu se un d'Britten ofginn.

BBC TV Centre, 2009

Et si keng Ännerunge gi bei de Länner déi matgemaach hunn. Dofir ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.

Et sinn nees Ännerunge gi bei der Ofstëmmung: An all Land souzen 20 Jurysmemberen, déi jeeweils 5, 4, 3, 2 an 1 Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op London iwwermëttelt.

Beim Iwwermëttele vun de Punkte sinn et e puer Problemer ginn, well Norwegen beim Opruffen nach net ganz fäerdeg mam Ausrechne vun de Punkte war. Se hunn dofir gefrot fir als Lescht nach eng Kéier un d'Rei ze kommen. De Spriecher huet awer an der Panik en Tëscheresultat ginn, dat hie séier zesummegerechent hat aus de Punkten déi schonn do waren. Zum Schluss vun der Sendung goufen dunn déi definitiv Punkte virgelies an et ass opgefall, datt et Ännerunge gi sinn géintiwwer deem wat virdru scho gesot gouf. Duerch déi Ännerungen huet dunn Dänemark gewonnen an d'Schwäiz koum ganz knapps op déi zweet Plaz.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Dänemark, d'Grethe & Jørgen Ingmann mat 2 Punkte Virsprong virum Esther Ofarim (Schwäiz). Déi drëtt Plaz krut den Emilio Pericoli, dee fir Italien ugetruede war.

Klassement änneren

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Dänemark Grethe & Jørgen Ingmann Dansevise 42
2. Schwäiz Esther Ofarim T'en va pas 40
3. Italien Emilio Pericoli Uno per tutte 37
4. Groussbritannien Ronnie Carroll Say Wonderful Things 28
5. Frankräich Alain Barrière Elle était si jolie 25
5. Monaco Françoise Hardy L'amour s'en va 25
7. Éisträich Carmela Corren Vielleicht geschieht ein Wunder 16
8. Lëtzebuerg Nana Mouskouri À force de prier 13
9. Däitschland Heidi Brühl Marcel 5
10. Belsch Jacques Raymond Waarom? 4
11. Jugoslawien Vice Vukov Brodovi 3
12. Spuenien José Guardiola Algo prodigioso 2
13. Holland Annie Palmen Een speeldoos 0
13. Norwegen Anita Thallaug Solhverv 0
13. Finnland Laila Halme Muistojeni laulu 0
13. Schweden Monica Zetterlund En gång i Stockholm 0

Um Spaweck änneren

Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)   Kopenhagen (Dänemark)
ESC 1962 Eurovision Song Contest ESC 1964