Den Europe war e Kino op der Garerplaz an der Stad Lëtzebuerg. De Kinossall war am Gebai vum Hotel Eldorado integréiert. D'Gebai gouf vun den Architekten Arthur Thill an Armand Theisen entworf[1].

Den 23. Dezember 1963 huet den Europe direkt nieft dem Eldorado seng Dieren opgemaach. Et war e flotte Sall mat 442 Plazen an enger Ariichtung fir 70 mm Filmer a Stereotoun ze spillen.

Den éischte Film de gewise gouf war dem David Lean säi Lawrence of Arabia a 70 mm mat dem Peter O'Toole an der Haaptroll. Direkt duerno koum en Dokumentarfilm a 70 mm an den Europe, de Flying Clipper - Traumreise unter weissen Segeln. Den Europe huet an enger éischter Zäit versicht, spektakulär Filmer ze weisen déi op deem deemools gréissten Ecran an der Stad gutt erauskoumen.

1983 ass nach e Kinossall bäigebaut ginn, deen awer ze kleng war. Den 18. November 1989 ass déi lescht Virstellung gelaf.[2] Den Europe huet zougemaach a gouf kuerz duerno, zesumme mam Eldorado, ofgerappt, fir engem neie Bürosgebai Plaz ze maachen.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 209, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4
  2. Bibi Wintersdorf: Lëtzebuerg an den 80er Joren, S. 90