Europäesche Bronge Bier

Den Europäesche Bronge Bier (Ursus arctos arctos) ass e Mamendéier aus der Famill vun de Bieren. Hien ass de gréisste Prédateur, deen um europäesche Festland lieft.

Europäesche Bronge Bier
E jonke Bier

E jonke Bier
E jonke Bier
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Hondsdéieren
Famill: Bieren
Gattung: Ursus
Aart: Ursus arctos
Wëssenschaftlechen Numm
''Ursus arctos arctos
Linnaeus, 1758

A West- a Mëtteleuropa gëtt et vum Bronge Bier nëmmen nach Reliktpopulatiounen.

Hie spillt a ville Mythen a Seeërcher eng Roll, gëtt och gär an der Heraldik gebraucht.

De Bronge Bier zu Lëtzebuerg a ronderëm änneren

De Bronge Bier huet eis Géigenden um Enn vun der Äiszäit besidelt. Aus der Äifel sinn Ofdréck vun de Patte vum Bronge Bier an engem Äschenhorizont bei Mertloch am Krees Mayen-Koblenz, dee sech viru ronn 13.000 Joer beim Ausbroch vum Laacher-Séi-Vulkan gebilt huet, ze gesinn. Tëscht 5.000 an 3.500 Joer al Biereknache sinn an Holland entdeckt ginn, an tëscht 5.500 a 4.500 al Knachen zu Spiennes an der Belsch. Si ënnersträichen déi virgeschichtlech Presenz vum Bier an dem haitege Benelux-Raum.[1]

Aus der Réimerzäit si keng weider Knache fonnt ginn. Deemools sinn d'Bëscher staark defrichéiert ginn, wat sech negativ op d'Bierepopulatioun ausgewierkt huet. Bekannt ass, datt am Amphitheater zu Tréier bei den Déieren, déi do gekämpft hunn, och Bieren dobäi waren. An de bekannte Mosaik aus der Réimervilla vun Nenneg weist Gladiatoren am Kampf mat engem Bier. Munnech vun deene Biere si wuel importéiert ginn, et waren der awer och bestëmmt dobäi, déi an der Géigend gefaange goufen. Een am 2. Joerhonnert zu Bonn stationéierte Centurio vun der 1. Legioun huet sech gebrätzt, bannent engem hallwe Joer fofzeg Biere gefaangen ze hunn.[1]

Nom Zerfall vum Réimerräich an deem doduerch bedéngte Réckgang vun der Landwirtschaft huet de Bier sech erëm erkrut. An der karolengescher Zäit soll et vill Bieren an de Bëscher bei Oochen gi sinn. Bei archeologesche Fouillen an den 1990er Joren am Beräich vun der Buerg vu Beefort ass nieft aneren Déierereschter och e Fragment vun engem Becke vun engem ausgewuessene Bronge Bier fonnt ginn, deen als Beweis gëllt, datt de Bier deemools nach a Lëtzebuerg gelieft huet.[1]

Wéini de Bronge Bier an der Géigend vum haitege Lëtzebuerger Land ausgestuerwen ass, weess keen. An Holland an a Flandern huet hie bis an d'12. Joerhonnert eran existéiert. An de grousse Bëscher vun den Ardennen huet hien et sécherlech nach méi laang gepackt. An der Äifel soll hien am 16. Joerhonnert nach zimmlech dacks virkomm sinn; de leschten Äifelbier soll am 17. Joerhonnert zur Streck bruecht gi sinn. De leschte Bier an Hessen gouf 1678 bei Vogelsberg geschoss. Ofgesi vum "Bruno", dem italieenesche Bier, deen am Juni 2006 a Bayern erschoss ginn ass, gouf de leschte Bier an Däitschland 1835 bei Ruhpolding (och a Bayern) erluecht.[1]

A Loutrengen soll de leschte Bier 1709 an der Géigend tëscht dem Col de Bussang an der Gemeng Ventron (Département des Vosges) doutgemaach gi sinn. Am Elsass huet de Bier et bis 1786 gepackt.[2]

D'Bieregëttin Artio änneren

 
D'Artioni-Biber-Opschrëft an de "Schweigeställe" bei Weilerbaach/Bollendorf (Däitschland)

D'Kelten hunn d'Bieregëttin Artio veréiert. Ee vun de raren Hiwäiser op dëse Kult liwwert eng Fielswand bei Weilerbaach (Bollendorf) mat der Opschrëft Artioni Biber, déi aus gallo-réimescher Zäit stamen däerft, an déi e Mann, dee Biber geheescht huet, der Artio gewidmet huet. Den Numm Artio ass keltesch a leet sech, grad wéi dee vun der griichescher Gëttin Artemis, vum griicheschen Numm vum Bier, "arktos", of. D'Réimer hunn d'Artemis gläichgesat mat hirer Juegdgëttin Diana, där e gewëssene Quintus Postumius Potens am 2. Joerhonnert net wäit vun der Artioni-Biber-Opschrëft ewech, e Monument opgeriicht huet (Diana-Denkmal bei Weilerbaach/Bollendorf).[1]

De Bier an der Landschaft änneren

Den Numm vum Bier verstoppt sech a villen Uertschafts- a Flouernimm, an zwar ënner der Form ber-, déi ofgeleet ass vun der indo-europäescher Wuerzel *bher 'brong', dem Tabu-Numm vum Bier, deem säi richtegen Numm ee sech net getraut huet, ze gebrauchen. Uertschafte wéi Berdorf/Bäerdref oder Berscheid (bei Veianen) oder de Beerwénkel tëscht Iechternach a Steenem sollen heirop zeréckzeféiere sinn. Dat germanesch Wuert hun 'grouss', soll als Kultbezeechnung fir de Bier d'Erklärung vun Nimm wéi Hunnenring (Otzenhausen) ginn; mat dem Attila sengen Hunnen hätt dat also näischt ze dinn. Loosse sech sou Lëtzebuerger Flouernimm wéi Hunnebur (bei Recken), Hunnekapp (bei Lauterbuer) oder souguer den Honswénkel zu Iechternach (hon=hun?) erklären? Uertschaftsnimm mat brun- oder braun- sollen och op de Bier hindeiten, genee wéi déi mat mel- (keltesch: bronggiel) oder mal- (keltesch: Fürst, grouss, Kultnumm vum Bier). Den "Hof Mellich" bei Wittlech soll sech sou erklären. Gehéiert den Iechternacher Flouernumm Melick (Melickshaff) och heihin?[1]

A Frankräich gëtt et eng Rei vun Uertschafts- a Flouernimm, déi sech vum kelteschen Numm vum Bier, arto-, ofleede loossen, z. B. Arthun (Loire) an Arthenas (Jura). Den Numm vun der Schwäizer Stad Bern, an där hirer Noperschaft am Joer 1832 bei Muri eng schéi Figurine vun der Artio an engem Bier fonnt ginn ass, geet och op de Bier resp. de Bierekult zeréck.[3]

De Bier an der Seechen, der Literatur an an der Heraldik änneren

 
De Bier mam roude Suedel am Wope vun der Gemeng Luerenzweiler
 
De schwaarze Bier am Wope vun der Gemeng Leideleng

An der Seechen Le lièvre à trois pattes, déi de Chevalier L'Évêque de la Basse-Moûturie zu Iechternach erzielt kritt hat, geet rieds vun engem béisen Zauberer, dem Kitzelé, deen um Ernzerbierg gehaust huet. Hie konnt sech ënner anerem an e Bier oder e Wollef verwandele fir kleng Kanner ze friessen oder d'Véi z'erbäissen. De Nicolas Gredt huet dës Geschicht a sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes resüméiert.[4] E Bier, deen engem alen Zaldot hëlleft, dem Däiwel e jonkt Meedchen z'enträissen, gëtt et an der Seechen Der alte Père Lafy und der Teufel, déi sech zu Habay-la-Vieille ofspillt, nozeliesen am Nikolaus Warker sengem Wintergrün.[5]

Am Goethe sengem Reineke Fuchs (1794) an am Michel Rodange sengem Renert (1872) heescht de Bier "Braun"; de Rodange schwätzt och nach vum "Brongen". Den Tabu-Numm vum Bier huet sech also och an d'Literatur erageschlach.[1]

De Bier kënnt am Wope vu Gemengen oder Uertschafte vir, déi eng Verbindung mat der Tréierer St. Maximäin-Abtei haten. Der Legend no huet e Bier dem Maximäin, deen ënnerwee op Roum war, säin Iesel gefriess. Den hellege Mann huet dorop dem Bier de Suedel opgeluecht an hie forcéiert, säi Gepäck amplaz vum Iesel ze droen. Dat explizéiert, firwat de Bier am Wope vun der Gemeng Luerenzweiler, zu där Hënsdref, e fréiere Besëtz vun der Maximäin-Abtei, gehéiert, e Suedel dréit. D'Maximäiner waren och Grondhären zu Leideleng; de schwaarze Bier am Wope vun der Gemeng soll dodrun erënneren.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Ursus arctos arctos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 J.A. Massard & G. Geimer: Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, Bitburg 2009: 95-102.[1]
  2. F. Fève: Mammifères sauvages de Lorraine. Éditions Serpenoise, Metz 2006, S. 138.
  3. Gendron, S.: Animaux et noms de lieux. Éditions Errance, Paris 2010, S. 44-46.
  4. Nicolas Gredt: Sagenschatz des Luxemburger Landes. V. Bück, Luxemburg 1883, S. 88 (Säit 391 an der Editioun vun 1964). [2]
  5. N. Warker: Wintergrün. Sagen, Geschichten, Legenden und Märchen aus der Provinz Luxemburg. 2. Aufl. Esch a.d. Alzette u. Arlon, 1890, S. 514ff.