En Eurodollar ass en Dollar, dee baussent den USA kreéiert gëtt. Et huet näischt mam Euro ze dinn.

Dëse Marché ass richteg lancéiert gi wéi d'Amerikaner d'Zënsausgläichsteier 1963 agefouert hunn. Fir eng Gesellschaft war et méi schwéier ginn, sech Geld um amerikanesche Maart duerch eng Emissioun vun Obligatiounen ze beschafen, well s'op den Zënsen hu missen dem amerikanesche Staat 15% ofginn.

Doduerch ass den Eurodollarmarché richteg opgebléit. Amplaz datt Firmaen (virun allem amerikanesch multinational Firmen) sech Geld (Dollaren) um amerikanesche Marché beschaaft hunn, hu se dat baussent den USA gemaach (ënner anerem zu Lëtzebuerg).

Den Numm änneren

Den Numm vun Eurodollar kennt och net vun Europa. Den Numm kënnt vun der sowjetescher Bank Eurobank, déi als éischt Bank hir Avoire wärend der Koreakris vun 1951 vun New York ofgezunn huet, a se zu Bréissel placéiert huet, aus Angscht, se kéinte vun den amerikaneschen Autoritéiten agefruer ginn.