Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eurobonds sinn Obligatioune mat enger mëttlerer oder laanger Lafzäit (tëscht 5 a 15 Joer) um Eurokapitalmaart (Euromaart), déi am Géigesaz zu Auslandsemprunten net obligatoresch an der Wärung vum Land, wou se ofgesat ginn, ausgedréckt sinn.

Déi Emissiounen, déi a méi wéi engem Land Ofsaz sichen, ginn an der Reegel duerch international Bankkonsortie placéiert. Als Wärung dominéieren: US-Dollar, Yen, Schwäizer Frang, Pond Sterling an Euro.

Emittente si privat Entreprisë mat héijem Bonitéitsstandard, Staaten, ëffentlech Kierperschaften an och supranational Institutiounen.

Den éischten Eurobond ass 1963 vun 'Autostrada' op der Bourse vu Lëtzebuerg notéiert ginn. Déi Emissioun hat e Wäert vu 15 Milliounen US-Dollar an eng Lafzäit vu 15 Joer. Si bestoung aus 60.000 Bearer Bonds mat engem Wäert vun 250 US-Dollar, déi Recht op e Coupon vu 5,5 % ginn hunn.