Euphorbia canariensis
Euphorbia canariensis ass eng subtropesch Sukkulenten-Aart aus der Gattung Euphorbia an der Famill vun den Euphorbiaceae. Si ass endeemesch op de Kanareschen Inselen, deenen hiert Symbol se mëttlerweil ass.
Euphorbia canariensis op Teneriffa. | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Ënnerklass | Rosidae |
Famill | Euphorbiaceae |
Ënnerfamill | Euphorbioideae |
Gattung | Euphorbia |
Aart | Euphorbia canariensis |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Euphorbia canariensis | |
Linnaeus |
Si wiisst do op enger Héicht tëscht 50 m an 1100 m, a si verdréit Temperature bis zu -2 °C.
Beschreiwung änneren
Euphorbia canariensis ass e klenge Bam, deen 3 bis 4 m héich ka ginn, an deen engem Kaktus gläicht. Seng Äscht, déi am Queeschschnëtt véier- bis sechseckeg sinn, wuessen op Buedemhéicht vum Stamm aus wéi e Kandelaber méi oder manner gläichméisseg héich an d'Luucht. D'Blieder stinn a Putsche vun dräi oder véier, a verwandele sech an Dären déi bis zu 1,5 cm laang ginn.
D'Bléien, déi roudelzeg sinn, komme vun Abrëll bis Juli.
Am Latex (wäisselzege Jus) vum Bam ass Diterpen, dee staark gëfteg ass.
Synonym änneren
- Tithymalus quadrangularis Kigg