Euphemismus (v. Griich.: eu pheme - "gutt/schéi schwätzen") bezeechent Wierder oder Formuléierungen, déi eng Situatioun méi schéi wéi a Wierklechkeet, onkenntlech oder voiléiert duerstellen. De Géigendeel ass d'Pejoratioun oder ofwäertend Bezeechnung.

Déi linguistesch Theorie vun der Euphemismus-Trietmille seet viraus, datt all Euphemismus iergendwann déi negativ Bedeitung vu sengem Virgängerausdrock unhuele wäert, soulaang déi tatsächlech Verhältnesser sech net veränneren.

Beispiller änneren

Alldag änneren

  • Gëllene Schoss amplaz "eng déidlech Dosis Heroin"
  • vollschlank amplaz "fett"
  • ënnerprivilegéiert amplaz "aarm"
  • aschléiferen amplaz "doutmaachen"
  • eng Éiereronn dréinen amplaz "eng Schoulklass widderhuele mussen"
  • matenee schlofen amplaz "matenee Sex hunn"
  • Präisser upassen amplaz "Präisser erhéijen"
  • zu Ettelbréck sinn amplaz "an neuro-psychiatrescher Behandlung sinn"
  • zu Schraasseg sinn amplaz "am Prisong sinn"

Politik, Militär änneren

Literatur änneren

  • Rada, Roberta: Tabus und Euphemismen in der deutschen Gegenwartssprache: mit besonderer Berücksichtigung der Eigenschaften von Euphemismen. Akad. Kiadó, Budapest 2001, 212 S., ISBN 963-05-7817-4
  • Holder, R. W.: How Not to Say What You Mean: A Dictionary of Euphemisms, Oxford Paperback Reference S., Oxford University Press, 2003.
  • Zöllner, Nicole: Der Euphemismus im alltäglichen und politischen Sprachgebrauch des Englischen. Lang, Frankfurt am Main 1997, 444 S., ISBN 3-631-31653-4 (Zugl.: Hamburg, Univ., Dissertation 1997)
  • Luchtenberg, Sigrid: Euphemismen im heutigen Deutsch: mit e. Beitr. zu Deutsch als Fremdsprache. Lang, Frankfurt am Main 1985, ISBN 3-8204-5419-5 (Bonn, Univ., Diss., 1975 u.d.T.: Luchtenberg, Sigrid: Untersuchung zu Euphemismen in der deutschen Gegenwartssprache)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren