Eugène Joseph Delporte

belschen Astronom

Den Eugène Joseph Delporte gebuer den 10. Januar 1882 zu Genappe am wallounesche Brabant a gestuerwen den 19. Oktober 1955 bei enger Aarbecht am Observatoire zu Uccle, war e belschen Astronom.

Eugène Joseph Delporte
Gebuer 10. Januar 1882
Genappe
Gestuerwen 19. Oktober 1955
Uccle/Ukkel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

Den Delporte huet 66 Asteroiden entdeckt, dorënner den (1221) Amor, d'Apollo-Asteroiden, den (2101) Adonis an deen no him genannten (1274) Delportia. D'Entdeckung vum Asteroid (2713) Luxembourg geet och op säi Kont. Hie war och Entdecker a Matentdecker vu verschiddene Koméiten, dorënner de periodesche Koméit 57P/du Toit-Neujmin-Delporte.

Am Joer 1925 gouf hie vun der internationaler astronomescher Unioun (IAU) op hirer zweeter Generalversammlung chargéiert, déi genee Grenzen, vun deene vun hinnen 1922 festgeluechte Stärebiller, parallel zu de Rektaszensiouns- an Deklinatiouns-Kreesser vun der Epoch vun der Equinoxe vum 1. Januar 1875 ze zéien. Op hirer drëtter Generalversammlung 1928 goufen déi Grenze vun der IAU ugeholl. Am Joer 1930 ass seng Aarbecht Délimitation scientifique des constellations an den Drock komm.

Am Joer 1970 huet d'IAU de Moundkrater Delporte no him genannt.

Wierk änneren

  • Eugène Delporte: Délimitation scientifique des constellations: tables et cartes, Cambridge University Press (CUP) (Cambridge ; New York ; Melbourne), 1930

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren