Eugène Berger

Lëtzebuergeschen Alpinist, Schoulmeeschter a Politiker

Den Eugène Berger, gebuer de 4. Dezember 1960 zu Beetebuerg a gestuerwen den 21. Januar 2020[1], war e lëtzebuergesche Politiker (DP) an Alpinist.

Eugène Berger
Gebuer 4. Dezember 1960
Beetebuerg
Gestuerwen 21. Januar 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter, Alpinist
Partei Demokratesch Partei

Biographie änneren

Den Eugène Berger ass um Houwald an d'Primärschoul gaangen an huet seng Première am Lycée de garçons zu Lëtzebuerg gemaach.

1980 huet hie seng professionell Carrière als Chargé de cours am Enseignement primaire ugefaangen. Tëscht 1983 an 1985 war hie Fonctionnaire-stagiaire um Enregistrement. 1985 huet hien erëm säi Studium um ISERP opgeholl a gouf 3 Joer méi spéit Schoulmeeschter. Hien huet tëscht 1988 an 1994 an der Primärschoul zu Krautem an zu Bierchem geschafft. Vun 1991 bis 1994 war hie Member am Conseil supérieur de l'éducation nationale.

Sportlech Karriär änneren

Den Eugène Berger war säit sengem 12. Liewensjoer en aktiven Alpinist.

1982 war hien op der Spëtz vu sengem éischten Aachtdausender dem Nanga Parbat (8.125 m). 1989 war dun de Gasherbrum (8.068 m) un der Rei. Den 1. Oktober 1992 ass hien als éischte Lëtzebuerger op d'Spëtzt vum Mount Everest geklommen[2], wourop hin hien dat selwecht Joer zum "Lëtzebuergesch Sportler vum Joer" gewielt gouf. Hien huet iwwer dës Aventure d'Buch Ganz oben[3] geschriwwen. Hie war eng Zäit laang den eenzege Lëtzebuerger dee bis op dëse Bierg geklommen ass, bis de Philippe Perlia (1955 - 2001) dat Zil am Mee 2001 och erreecht huet.

Hie war President vun der Fédération luxembourgeoise d'escalade et d'alpinisme (FLERA).

Politesch Karriär änneren

Dem Eugène Berger seng Popularitéit duerch den Exploit um Mount Everest huet dozou bäigedroen, datt en 1994 op der Lëscht vun der DP, an d'Chamber gewielt gouf. Dat nämmlecht Joer gouf hie Member vum Direktiounscomité vun der DP.

1999 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt an de 7. August zum Staatssekretär fir Ëmwelt an der Regierung Juncker-Polfer ernannt (bis Juli 2004).

No de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet hie misse säi Mandat opginn, mä den 20. Dezember 2007 gouf hien nees Deputéierten an der Chamber, wou en um Henri Grethen seng Plaz 'nogeréckelt' ass.

Hie gouf bei de Walen 2009, wéi och deene vum 20. Oktober 2013, erëmgewielt. Bei deene vun 2018 ass hien de 6. Dezember fir de Pierre Gramegna, dee Minister gouf, 'nogeréckelt'.[4] Zanter de Walen 2013 war hie Fraktiounschef vun der DP an der Chamber.

Hie gouf bei de Gemengewalen 2011 als Conseiller an de Gemengerot vun der Gemeng Réiser gewielt[5] a bei de Gemengewale vun 2017 gouf hien zeréckgewielt[6] an ass bis zu sengem Doud Member vun deem Gemengerot bliwwen.[7]

Privatliewen änneren

Den Eugène Berger war bestuet a Papp vun engem Jong an engem Meedchen.

Hien ass den 21. Januar 2020, no engem Suizidversuch an engem kuerzen Openthalt am Spidol gestuerwen[8].

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Virdrun    Sportler vum Joer    Duerno
Marc Girardelli 1992 Marc Girardelli


Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Eugène Berger (DP) ass am Alter vun 59 Joer gestuerwen op rtl.lu den 21. Januar 2020
  2. Thinnes David, „Der Mount Everest ist mein Kuchen“ Am 1. Oktober 1992 stand Eugène Berger als erster Luxemburger auf dem höchsten Berg der Welt, dabei musste er einige kritische Momente überstehen Luxemburger Wort vum 6. September 2017, S. 10-11
  3. Eugène Berger, Ganz oben, Éditions Revue
  4. chd.lu, 6.12.2018.
  5. Commune Roeser. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-03-07.
  6. Roeser. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-03-07.
  7. Eugène Berger disparaît à 59 ans. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2020-03-07.
  8. Eugène Berger stirbt mit 59 Jahren op tageblatt.lu den 21. Januar 2020
  9. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 1999 wou op de Säite 129 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 21. Juni 1999 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn
  10. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn