Eta-Aquariden
Aktivitéitszäitraum 19. Abrëll - 28. Mee
Aktivitéitsmaximum 6. Mee
Radiantepositioun
vum Maximum
RA: 22h 32m
DE: -1°
ZHR 60
Populatiounsindex 2,4
geozentresch Vitess 66 km/s

D'Eta-Aquaride sinn e Meteorstroum, deen en all Joer am Mee ka gesinn. Si stame vum berüümte Koméit Halley of. Zanter zwee Joerdausende gëtt dee Koméit schonn observéiert. Den Numm "Aquaride" geet op déi laténgesch Bezeechnung vum Stärebild Aquarius zeréck.

D'Eta-Aquaride si vu Mëtteleuropa aus nëmme kuerz virun der Schummerecht ze gesinn. Well hire Radiant nëmmen eng kleng Héicht iwwer dem Horizont erreecht, hunn d'Meteore vun den Eta-Aquariden e flachen Antrëttswénkel an d'Atmosphär, wouduerch d'Meteorbunnen um Himmel méi laang wéi gewéinlech erschéngen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie