Ernest Mühlen

lëtzebuergeschen Ekonomist

Den Ernest Mühlen, gebuer den 8. Juni 1926 zu Ettelbréck a gestuerwen den 19. Mäerz 2014[1],[2] am Ausland, war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.

Ernest Mühlen
Gebuer 8. Juni 1926
Ettelbréck
Gestuerwen 19. Mäerz 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Faculté de droit et des sciences économiques
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Journalist
Partei CSV
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal
Den Ernest Mühlen (2009)

Liewenslaf änneren

No der Primärschoul an dem Lycée zu Dikrech huet den Ernest Mühlen zu Antwerpen op der staatlecher Handelshéichschoul (Licence en sciences commerciales et financières) an duerno zu Paräis op der Faculté de Droit (Docteur en sciences économiques) studéiert.

Vun 1952 bis 1973 war den Ernest Mühlen Haaptadministrateur bei der Montanunioun an uschléissend bei der Europäescher Kommissioun.

Vun 1973 u war hie fräie Finanzjournalist.

1973 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Vun 1979 bis 1982 war hien als Member vun der CSV Staatssekretär fir Finanzen an der Regierung Werner-Thorn. 1982 gouf hien, no enger Regierungëmbildung, Landwirtschaftsminister (bis 1984).

Vun 1984-1989 war hie Member vum Europaparlament (Europäesch Volkspartei). Vun 1989-1991 war hien Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber. Laang Jore war hien och Member vum Verwaltungsrot vum Verlagshaus Saint-Paul Luxembourg.

Vun 1991 bis 1996 huet hie Lëtzebuerg am Verwaltungsrot vun der Osteuropabank (BERD) zu London vertrueden.

Den Ernest Mühlen war Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal. Hie war och e Mataarbechter an den éischte Jore vun dëser Wikipedia.

Hie war bestuet an hat zwee Kanner.

Publikatiounen änneren

  • Ernest Mühlen: Le marché financier luxembourgeois face à la conversion industrielle, Imprimerie Bruck, Luxembourg, 1963
  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Ernest Mühlen: Les Marchés Européens des Capitaux, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1970
  • Ernest Mühlen: Possibilités et limites d'une politique des revenus au Grand-Duché de Luxembourg, Publications de l'Institut Grand-Ducal, Section des Sciences morales et politiques, Vol. I, 1970, SS. 35-49
  • Ernest Mühlen: Zukunftsmodelle: Konsumgesellschaft am Scheideweg, Luxemburger Marienkalender, 1973, SS. 48-54
  • Ernest Mühlen, Pierre Werner: Les finances communales, Cahiers économiques, n. 4, Banque internationale à Luxembourg, Luxembourg, pp. 1–29, 1975
  • Ernest Mühlen: Politique de structure et aménagement du territoire, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1971
  • François Biltgen, Ernest Mühlen: La loi du 6 décembre 1991 sur le secteur des assurances: consolidation et perspectives de la place des assurances et réassurances, Collection Réalités et Perspectives, n°3-1992, Banque générale du Luxembourg, Luxembourg, 59 p.

Zenarie fir Filmer änneren

  • Ernest Mühlen: Serie: Objectif 2000 realiséiert 1969 fir RTL:
    • Reconversion
    • Wolz an den E'slecker Raum
    • D'Musel industrialiséiert sech
    • De Minett passt sech un

Auszeechnungen änneren

Literatur änneren

  • Marcel Kieffer: Ernest Mühlen (1926-2014) "Luxemburger Wort", 25. Mäerz 2014, S.5.

Um Spaweck änneren

Commons: Ernest Mühlen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Ernest Mühlen nous a quittés, wort.lu 20.03.14 11:59
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 3. Abrëll 2014, S. 42.
  3. Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn Gearchiveerd op 2020-01-21. Gekuckt de(n) 2013-01-01.