Den Ernest Gallo, gebuer den 18. Mäerz 1909 zu Jackson, Kalifornien a gestuerwen de 6. Mäerz 2007 zu Modesto, Kalifornien, ass ee vun de Pionéier vun der US-amerikanescher Wäinindustrie a Kalifornien.

Ernest Gallo
Gebuer 18. Mäerz 1909
Jackson
Gestuerwen 6. Mäerz 2007
Modesto
Nationalitéit USA
Aktivitéit Wënzer, Geschäftspersoun

Zesumme mat sengem Brudder Julio hat hien d'Gallo Family Vineyards gegrënnt, e Wënzerbetrib deen haut den zweetgréisste Wäiproduzent vun den USA ass, an dat gréisst Wäigutt op der Welt a Familljebesëtz.