D'Erika Stucky, gebuer 1962 zu San Francisco, ass eng Schwäizer-amerikanesch Jazzmusekerin an Akkordeonspillerin. Hire Genre kann een als Experimental-Jazz bezeechnen.

Erika Stucky
Gebuer 3. Februar 1962
San Francisco
Nationalitéit Schwäiz, USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Sänger, Komponist, Akkordeonist, Kabarettist, Arrangeur, Instrumentalmuseker

Wéi d'Erika Stucky 9 Joer al war, ass si mat hiren Elteren op Mörel am Kanton Wallis geplënnert. Si huet zu Paräis an zu San Francisco hir Ausbildung gemaach. Doropshin huet si am Laf vun der Zäit verschidden Jazz-Ensembele matgegrënnt: The Sophisticrats, Bubble-Town, Concert Jazz Band, Mrs Bubble & Bones, Stucky & Roots, Roots of Communication. Mat den Jazzmuseker Christy Doran, Fredy Studer a Kim Clarke huet si den Ensembel Jimmy-Hendrix-Project gegrënnt.

Alben änneren

  • We Love You The Sophisticrats FunKey, 1990
  • Bubbles & Bones Traumton Records, 2001
  • Lovebites Traumton Records, 2003
  • Princess Traumton Records, 2005
  • Suicidal Yodels Traumton Records, 2007
  • Stucky Live 1985-2010. Traumton Records, 2011
  • Black Widow Traumton Records, 2013

D'Erika Stucky zu Lëtzebuerg änneren

D'Erika Stucky war schonn en ettlech Kéieren zu Lëtzebuerg, ënner anerem den 9. Abrëll 2011 an der Philharmonie Lëtzebuerg an de 14. Oktober 2013 am Centre Culturel Opderschmelz zu Diddeleng.

Um Spaweck änneren