Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Entwécklungsland ass nom allgemenge Sproochgebrauch eng eegestänneg national Communautéit, där hir Bevëlkerung an der Majoritéit als aarm betruecht gëtt an e Liewensstandard huet, deen ënner enger international unerkannter Aarmutsgrenz läit. Wéi e Land als Entwécklungsland ze betruechten ass, hänkt vun den applizéierte Krittären of. De Begrëff gëtt meeschtens am Zesummenhank mat der Entwécklungspolitik gebraucht an ass net ëmmer riguros festgeluecht.

Déi äermst Staate vun der Welt: Low-Income-Countries (LIC) (Akommes/Awunner ënner 745 US$), Quell: Weltbank 2001

Lëscht vun den Entwécklungslänner änneren

Follgend Länner ginn als Emerging and Developing Economies (Entwécklungslänner) vum Fonds monétaire international a sengem Economic Outlook Report (Abrëll 2008) betruecht:[1]

Allgemenge Sproochgebrauch änneren

Fundamental Virbemierkungen änneren

Fir de Begrëff „Entwécklungsland“ gëtt et eng Rei vu Synonymen, wéi Drëtt Welt oder Véiert Welt. Dës Begrëffer sinn - grad wéi „Entwécklungsland“ - zum Deel ëmstridden a gi vu verschiddenen Experte kontestéiert. D'Kritiker vum Begrëff „Entwécklungsland“ soen z. B. datt en eppes ënnerstellt, dat net passéiert: nämlech Entwécklung. Ee vun de prominentste Kritiker vun dësem Begrëff ass de schweedeschen Ekonom Gunnar Myrdal.

Net méi gebraucht ginn: „ënnerentwéckelt Länner“ (underdeveloped countries), oder „réckstänneg Länner“ (backward countries), well se pejorativ sinn.

International an national Sproochreegelungen änneren

International gëtt et keng eendeiteg Sproochreegelung. Sou gouf zum Beispill opgrond vun enger UN-Vollversammlung am Joer 1971 tëscht Least Developed Countries (LLDC) a Less Developed Countries (LDC) ënnerscheet. Net all UN-Organisatiounen ënnerscheeden awer tëscht dëse béide Gruppen.

Den Ausdrock Nord-Süd änneren

Den Ausdrock „Nord-Süd“ gëtt ëmmer manner vun den Entwécklungslänner selwer benotzt.

Industriestaaten an Net-Industriestaaten änneren

Mat „Industriestaaten“ gëtt versicht, industrialiséiert Staate sproochlech vun den Entwécklungslänner ofzegrenzen, dat zu engem Zäitpunkt wou net méi d'Industrie, mä d'Déngschtleeschtungen déi dreiwend Kraaft vun der wirtschaftlecher Weiderentwécklung sinn.

De Begrëff Drëtt Welt änneren

De Begrëff „Drëtt Welt“ staamt aus den 1950er Joren an hat dunn e politeschen Nogeschmaach, well en op d'blockfräi Staaten, déi weeder dem kommunisteschen nach dem kapitalistesche Block zougeuerdent konnte ginn, higewisen huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. IMF Emerging and Developing Economies List. World Economic Outlook Database, April 2008.