De Meteorittefall vun Ensisheim ass ee vun den eelste gesécherte Meteorittefäll an Europa, vun deem nach Meteorittematerial disponibel ass.

E Stéck vum Meteorit am Musée vun Ensisheim
Den Donnerstee vun Ensisheim, e Fluchblat vum Brant aus dem Joer 1492

Am Virmëtteg vum 7. November 1492[1] war en 127 kg schwéiere Steemeteorit mat héijer Vitess an d'Äerdatmosphär agetratt. De Meteorit hat eng grouss Liichtspuer iwwer den Himmel gezunn, a war mat Gedonner an der Géigend vun der elsässesche Stiedchen Ensisheim op e Feld geschloen.

D'Erreegnes gouf vu ville Bierger observéiert, ënner hinnen och den Zeechner Albrecht Dürer, dee seng Andréck op enger faarweger Zeechnung festgehalen hat. De Fall hat groussen Intressi bei der Populatioun. De Sebastian Brant hat e Fluchblat publizéiert mat engem Bericht iwwer de Meteor.

Den däitsche Kinnek Maximilian I. war eegens ugereest, fir méi iwwer den Donnersteen ze wëssen a Geriicht driwwer ze halen. Well hien däiwelech Muechten dra gesinn huet, hat hien de Meteorit a Kette leeën an an der Parkierch ophänke gelooss.

Am Laf vun der Zäit goufen ëmmer nees Stécker vum Meteorit erofgeschloen, déi haut a Museeën an a Sammlunge sinn. E Reschtstéck vu 55,75 kg ass am Musée Palais de Régence zu Ensisheim ze gesinn.

Den Ensisheim ass e Steemeteorit vum Typ LL6 aus der Grupp vun de gewéinleche Chondriten.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Ensisheim meteorite – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Otto Buchner: Die Feuermeteore, Seite 34. Gießen 1859., abgefragt am 6. November 2010