Den Endurance ass en Aschlagkrater um Planéit Mars. Hie läi um Meridiani Planum, an huet en Duerchmiesser vun 130 Meter an eng Déift vu ronn 20 Meter. Genannt ass de Krater nom Schëff Endurance, mat deem de brittesche Polarfuerscher Ernest Shackleton seng Imperial Transantarktis-Expeditioun (19141917) ënnerholl hat.

Endurance (Marskrater)
Foto opgeholl vum Rover Opportunity.
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
Koordinaten 1°54' S 5° 30' W
Duerchmiesser 130 Meter
Déift 20 Meter
Entdecker Opportunity
Genannt nom Endurance (Schëff)

De Marskrater gouf vum 15. Juni (Sol 135) bis 14. Dezember 2004 (Sol 315) vum Mars-Rover Opportunity erfuerscht.

Erfuerschunge vum Opportunity änneren

Karatepe änneren

 
Karatepe
 
Schichte beim Karatepe

Nodeem den Opportunity de Krater erreecht hat, gouf e Fuerschungsplang opgestallt an déi interessant Standplaze bestëmmt. Eng Standplaz, déi „Karatepe“ genannt gouf, hat als Astig an de Krater gedéngt, fir d'Grondgestengs vum Krater méi genee z'analyséieren.

D'Bild op der rietser Säit weist Ännerunge vun der Faarf an de Schichten. D'Schicht „A“ ass méi dicht um Rover a méi héich wéi d'Schichten „B“ bis „E“. Muster a Faarf vun de Schichte variéiere mat der Déift vun de Schichte. Doraus kënnen d'Wëssenschaftler Schlussfollgerunge iwwer den Alter vun de Schichte bestëmmen, andeem si dëst Bild mat anere Schicht-Biller vum Mars vergläichen.

Uschléissend ass den Opportunity méi déif an de Krater gefuer, fir Sanddüne méi no ze betruechten. E puer Fielse goufe beim Ofstig analyséiert. Dorophin gouf beschloss, net an d'Sanddünen ze fueren. Et bestoung d'Gefor, datt de Rover sech festfuere kéint an eng weider Fuerschung mat dem Opportunity onméiglech wier. Dofir goufe weider Fielsen ënnersicht, ier de Rover sech nees op de Réckwee gemaach hat. Op sengem Wee ass den Opportunity op e Fiels, dee 'Wopmay' genannt gouf, gestouss. Dëse Fiels hat Hiweiser geliwwert, datt d'Fielsen am Krater méiglecherweis eemol mat Waasser ëmspullt waren. Duerno hat de Rover d'Klipp Burns Cliff ugesteiert.

Burns Cliff änneren

 
D'Usiicht vum Burns Cliff am Endurance-Krater.

'Burns Cliff', genannt no engem verstuerwene Mineralog Roger Burns vum MIT, gouf grëndlech vum Opportunity studéiert. Déi héich Rutschgefor duerch de Sand hat den Asaz vum Roboteraarm verhënnert. Vill héichopléisend Fotoe si mat der Pancam gemaach ginn. Dës weise Sedimentschichten, déi duerch fréier Virkomme vu Flëssegkeet entstane konnte sinn.

De 'Burns Cliff' war dee leschte wëssenschaftleche Stopp bei der Erfuerschung vum Endurance-Krater.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Endurance – Biller, Videoen oder Audiodateien