Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Marskrater Endeavour. Fir aner Saachen, déi sou heeschen, kuckt wgl. Endeavour.

De Krater Endeavour ass en Aschlagkrater um Meridiani Planum vum Planéit Mars. Hien huet en Duerchmiesser vu ronn 22 km an eng Déift vun 300 m. Zanter Enn 2008 war hien d'Zil vum Rover Opportunity, deen de Krater am August 2011 erreecht hat.

Endeavour (Marskrater)
De Krater Endeavour.
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
Koordinaten 2,28° S, 5,23° W
Duerchmiesser 22 km
Déift 300 Meter
Entdecker Opportunity
Genannt no der Stad Endeavour a Kanada

Am Ufank gouf hie vum Opportunity-Team nom Schëff Endeavour genannt, sou wéi déi meescht Kratere wärend der Missioun no Schëffer vu bekannten Entdeckungsreese genannt goufen. Nimm vu Strukturen iwwer 10 km Duerchmiesser ginn awer vun der I.A.U. verginn. Grouss Kratere mussen no de Bestëmmungen no bekannte Perséinlechkeeten oder Stied genannt ginn. Dofir huet de Krater offiziell den Numm vun der Stad Endeavour a Kanada.

Nodeem de Rover Opportunity am August 2008 d'Ënnersich vum Victoria-Krater ofgeschloss hat, gouf den Endeavour-Krater als neit Zil ausgesicht. Observatiounen aus dem Marsorbit haten erginn, datt do Schichtsilikater op der Uewerfläch ze fanne sinn. Déi Silikater sinn e séchert Zeeche vu Waasserafloss. Déi direkt Distanz fir bei de Victoria-Krater ass 12 km. Well awer versicht gouf problemateschen Terrain, wéi grouss Sanddünen z'ëmgoen, gouf de Wee 7 km méi laang.

De 7. Mäerz 2009 (Sol 1820) konnt den Opportunity fir d'éischt de Kraterrand vum Endeavour erkennen; den 9. August 2011 gouf de Rand, wéi geplangt an der Géigend vum Cape York, erreecht. Ëm Hiwwel läit hydratiséiert Grondgestengs. Vun do aus war geplangt, laanscht de Randhiwwel Solander Point bis zum Cape Tribulation ze fueren. Do goufen d'Schichtsilikater (Clay minerals) entdeckt, déi da méi no ënnersicht sollte ginn.

Héichopléisend Foto vum Endeavour-Kraterrand. Dës Usiicht vun der Pancam-Kamera weist och eng déck Oflagerungsschicht vu Material, dat wärend dem Aschlag am Krater deen eppes méi wäit südlech läit, entstanen ass.

Dat wëssenschaftleche Team huet déi siichtbar Kennzeeche no Plaze genannt, déi vum James Cook mat sengem Schëff H.M.S. Endeavour wärend senger éischter Südséirees 1768–1771 besicht goufn.

Geologie änneren

Mat Hëllef vun der Raumsond MRO konnt aus dem Orbit d'Geologie vum Kraterrand analyséiert ginn. Am Ausschnëtt donieft ass e klengen Deel vum westleche Kraterrand duergestallt. Hei féiert an Nord-Südrichtung en ënnerbrachene Kraterwall. Dëse besteet aus Basalt (a Blo duergestallt) an Tounminerale (gréng). Bei dësem Gestengs geet een dovun aus, datt si nach méi al wéi d'Sulfat-Oflagerunge sinn, déi den Opportunity bis elo op der Meridiani-Fläch ënnersicht hat.

Schichtsilikater ginn a wässereger an net-saierhalteger Ëmgéigend gebilt. Sou Mineraler goufe bis elo nach net vun enger Landermissioun ënnersicht. D'Schichtsilikater am Endeavour si mat geschichte Steng um Kraterrand assoziéiert. Déi Fielse kéinte sech a regionalen oder globale Prozesser ënner Waasserafloss gebilt hunn, an dat zu enger Zäit, déi virun der Bildung vu Sulfater a saierhalteger Ëmgéigend ugefaangen hat.

Den Endeavour Krater gouf gréisstendeels duerch sulfaträich Sedimenter bedeckt, déi sech am Spéiden a Fréien Noachianeschen Zäitalter geformt haten, dofir muss hie virun de Sedimenter entstane sinn. Eng Partie vu sengem erodéierte Rand klëmmt iwwer déi Sedimenter a leet doduerch méi al Schichte fräi.

D'Ënnersich mat der Raumsond kéinten dozou bäidroen, d'Bedingungen ze verstoen, ënner deene sech d'Schichtsilikater geformt hunn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Endeavour (Marskrater) – Biller, Videoen oder Audiodateien