Emma vu Waldeck-Pyrmont


D'Adelheid Emma Wilhelmina Theresia Prinzessin zu Waldeck a Pyrmont, gebuer den 2. August 1858 um Schlass vu Bad Arolsen a gestuerwen den 20. Mäerz 1934 zu Den Haag, war als zweet Fra vum Wëllem III. vun Holland Kinnigin vun Holland a Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Emma vu Waldeck-Pyrmont
Gebuer 2. August 1858
Bad Arolsen
Gestuerwen 20. Mäerz 1934
Den Haag
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Däitschland, Holland
Famill
Bestuet mat Wëllem III. vun Holland
Geschwëster Sophie van Waldeck-Pyrmont
Kanner Wilhelmina vun Holland

D'Emma war d'Duechter vum Fürst Georg Viktor vu Waldeck und Pyrmont a senger éischter Fra, der Prinzessin Helene vun Nassau.

De 7. Januar 1879 huet si zu Arolsen mat 20 Joer den 41 Joer méi ale Wëllem III. bestuet; den 31. August 1880 koum hir Duechter Wilhelmina op d'Welt. Nom Wëllem sengen Doud, den 23. November 1890 gouf si Regentin fir hir Duechter Wilhelmina, bis déi 1898 mat uechtzéng Joer der Verfassung no an Holland konnt Kinnigin ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Emma of Waldeck and Pyrmont – Biller, Videoen oder Audiodateien