Emile Molling

lëtzebuergesche Ornitholog


De Pierre genannt Emile Molling, gebuer den 19. November 1889 zu Blaaschent a gestuerwen den 21. Mäerz 1971 zu Glen Cove, New York, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Ornitholog.[1]

Emile Molling
Gebuer 19. November 1889
Blaaschent
Gestuerwen 21. Mäerz 1971
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant

Den Emile Molling huet d'Normalschoul gemaach. Dono war hie Schoulmeeschter zu Dellen (1912/1913), zu Beeler (vum Schouljoer 1913/14 un), a vum Schouljoer 1928/29 un zu Beetebuerg, bis zu senger Pensioun am Joer 1950.[2]

De Molling huet sech vun 1929 am Beetebuerger Mandolinneveräin (Cercle des mandolinistes) engagéiert, wou hie Course fir d'Instrument ze léiere ginn huet a kuerz duerno Dirigent vum Orchester gouf. Et heescht, de Molling hätt dem Baryton Fernand Koenig d'Basiswësse fir Gei ze spille bäibruecht.[2]

1934 war den Emile Molling war Grënnungsmember vum Beetebuerger Vulleschutzveräin, der lokaler Sektioun vun der Ligue luxembourgeoise pour la protection des oiseaux (haut natur&ëmwelt). Hie war de President vum Veräi vun 1934 bis 1962.[1]

De Molling, dee sech nieft de Vullen och nach mat Botanik ofginn huet, huet gär an der Natur fotograféiert, a munch vu senge Fotoe sinn am “Regulus”, dem Bulletin vun der Vulleschutzliga, publizéiert ginn.[3]

De Molling war Éieremember vun der Société des naturalistes luxembourgeois.[2]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 L.L.E.P.O. 1971, Massard 2015, Massard 2016, S. 15-16, Massard 2017.
  2. 2,0 2,1 2,2 Massard 2015, S. 6-7, Massard 2016, S. 15-16, Massard 2017.
  3. L.L.E.P.O. 1971.