Emile Burggraff

lëtzebuergesche Journalist a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Emile Burggraff, gebuer den 10. Mäerz 1930 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 14. September 1976 zu Nanzeg[1], war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (CSV).

Emile Burggraff
Gebuer 10. Mäerz 1930
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 14. September 1976
Nanzeg
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist, Enseignant
Partei CSV

No sengem Schoulofschloss an der Normalschoul war den Emile Burggraff Schoulmeeschter zu Veianen. Hie war duerno an der Lëtzebuerger Arméi an ass nom Militärdéngscht op d'Offizéieschschoul op Arel gaangen a goung méi spéit als 1. Läitnant an d'Reserve.

No enger Rei Joren als fräie Mataarbechter, gouf hien uganks der 1960er Joren als Vollzäit-Journalist beim Luxemburger Wort agestallt.

Den Emile Burggraff gouf bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Bezierk Zentrum an d'Chamber gewielt a bei deene vum 26. Mee 1974 erëmgewielt[2]. Hie war och vun xxx bis xxx als Conseiller am Gemengerot an der Stad.

Den Emile Burggraff war mat der Suzanne “Sanny” Huss vun Dikrech bestuet an d'Koppel hat zesumme 5 Kanner. Hien ass de 14. September 1976 zu Nanzeg un akuter Leukemie gestuerwen.

Referenzen änneren

  1. Den Emile Burggraff op www.luxracines.lu
  2. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.61.