D'Elsbier (Sorbus torminalis) ass eng Lafbamaart aus der Gattung vun de Sorbussen. Si gehéiert zu der Famill vun de Rosaceae.

Elsbier
Elsbier
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Rosales
Famill Rosaceae
Ënnerfamill Spiraeoideae
Gattung Sorbus
Wëssenschaftlechen Numm
Sorbus torminalis
Crantz

Am Lëtzebuergesche gëtt et nach dës Nimm fir dee Bam: Ilenter, Ielechter/Eelechter/Älechter, Elecher, Eilecher, Ellrécher, Pelagor, wëlle Spier, wëlle Spirebam.[1]

Beschreiwung änneren

D'Elsbier ass e summergrénge Bam, dee 15 bis 25 m, am Bësch heiansdo iwwer 30 m héich gëtt. D'Schuel ass bei deenen ale Beem dacks äschegro a klengschuppeg. Se ka liicht mat där vun der Eech verwiesselt ginn.

D'Blieder sinn ongeféier 2–7 cm laang, breet bis eefërmeg. De Bord ass spatz gelappt a liicht gezackt. Et sinn 3-5 Lappen. D'Bléie si wäiss a bilde riicht, locker Dolderispen. D'Hierschtfaarf ass goldgiel bis liicht rout. D'Friichte si verkéiert eefërmeg bis ronn, am Ufank olivgréng, duerno brong mat hellen Tëppelen an ongeféier 1,5 cm grouss. D'Elsbier gëtt bis zirka 100 Joer al, kann awer an Ausnamefäll méi al ginn.

Verbreedung zu Lëtzebuerg änneren

D'Elsbier gëtt et zu Lëtzebuerg net sou dacks, gréisser Virkomme gëtt et op der Musel a ronderëm Steeën, Schrondweiler an Uewerglabech.

Referenzen änneren

  1. Henri Klees: Luxemburger Pflanzennamen. Luxembourg: Institut grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie 1972 (= Beitr. zur Lux. Sprach- und Volkskunde Nr. VIII), S.20.

Um Spaweck änneren

Commons: Sorbus torminalis – Biller, Videoen oder Audiodateien