Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Elektrochimie ass en Deelgebitt vun der Chimie dat cheemesch Reaktiounen ënnersicht déi a Verbindung mat elektresche Virgäng stinn, also bei deenen entweeder Stroum produzéiert gëtt, oder verbraucht gëtt. Dobäi ass ze bemierken, datt de Stroum, also d'Beweegung vun Elektronen, net onbedéngt duerch en elektresche Leeder muss fléissen, mä och direkt zwëscht deene verschiddene Reaktiounspartnere ka fléissen. Am zweete Fall schwätzt en da vun engem Kuerzschluss.

E gutt Beispill fir dat z'illustréieren ass d'Daniell-Element:

An engem Gefääss sinn eng Kofferléisung an eng Zénkléisung raimlech duerch eng hallefduerchlässeg Membran getrennt déi nëmme bestëmmt Ionen duerchléisst, z. B. SO42-, mä keng d'Metallionen Zn2+ an Cu2+. Den Zweck vun där Membran ass et, dee ganze System elektresch neutral ze halen.

An d'Kofferléisung kann elo eng Kofferelektrod an an d'Zénkléisung eng Zénkelektrod gezappt ginn. Wann déi zwou Elektrode mat engem elektresche Leeder verbonne ginn, kënnen an deene betraffene Kompartimenter follgend Reaktiounen oflafen:

Dat heescht den Zénk léist sech mat der Zäit op, wärend d'Kofferelektrod ëmmer méi déck gëtt. Duerch déi Reaktioun gëtt de Stroum produzéiert. Déi selwecht Reaktioun kann een och maachen andeems een e Stéck Zénk direkt an eng Kofferléisung leet. Op dem Zénk bilt sech dann eng Kofferschicht. D'Reaktioun hält dann op, wann den Zénk net méi kann opgeléist ginn. Da kënne keng Elektrone méi fräigesat ginn, déi gebraucht gi fir de Koffer vum ioneschen Zoustand an de metalleschen Zoustand z'iwwerdroen. Et schwätzt een da vun enger transportgehemmter Reaktioun. E weideren Ënnerscheed ass och, datt mir elo kee Stroum kënnen ofzapen, well d'Elektrone jo direkt tëscht deenen zwéi Reaktiounspartnere kënne fléissen.

Grouss Fuerschungsgebidder an der Elektrochimie sinn:

Um Spaweck änneren

Commons: Electrochemistry – Biller, Videoen oder Audiodateien