El Hierro ass déi klengst vun de siwen Haaptinsele vun de Kanaren a Spuenien.

Lag vun El Hierro

Si läit am Atlantik a gehéiert zur Provënz Santa Cruz de Tenerife an d'Haaptstad ass Valverde.

Geographie änneren

El Hierro ass déi westlechst a klengsten Insel vun de Kanaren an huet eng Fläch vun 268,71 km². Si huet 10.558 Awunner (INE, 2007).

Den héchste Punkt ass an der Mëtt vun der Insel, de Bierg Malpaso mat enger Héicht vun 1.502 m iwwer dem Mieresspigel.

El Hierro ass mat der Punta de La Restinga de meridionalsten a mat der Punta de La Orchilla de westlechste Punkt vu Spuenien. Zu El Hierro gehéieren nach d'Insele Roques de Salmor mat enger Fläch vun 0.03 km².

Koordinaten: 27° 44’ 00’’ N 18° 03’ 00’’ W

Andeelungen änneren

El Hierro ass an dräi Gemengen agedeelt: Valverde, Frontera an El Pinar.

Um Spaweck änneren

Commons: El Hierro – Biller, Videoen oder Audiodateien