Ejektioun (lat. ejectio, Ausworf, Verdreiwung) ass am Vulkanismus nieft der Effusioun ee vun de béiden Haapttype vu Vulkanausbrëch.

Explosiv Eruptioun vum Mount Saint Helens den 22. Juli 1980.

Bei der Ejektioun kënnt et wärend engem Vulkanausbroch zum explosiven Ausworf vu Gestengsmaterial (Tephra, souwuel Niewegestengs wéi och magmatescht Material), verbonne mat enger staarker Gasfërderung. D'Gewalt vun der explosiver vulkanescher Aktivitéit ass souwuel vum Iwwerfloss vun de fräigesate Gase wéi och vun der Viskositéit vum Magma a senger mineralescher Zesummesetzung ofhängeg. Ejektiv Aktioun gëtt et nëmme bei bestëmmte Vulkantyppen, beispillsweis bei Schlaken- an Äschevulkaner, Schichtvulkaner a Maaren.

Kuckt och änneren