Als Eiseplanéit bezeechent ee Planéiten, déi haaptsächlech aus engem héichverdichten Eisekär bestinn an entweeder keen oder bal kee Mantel hunn. An eisem Sonnesystem ass de Planéit Merkur de gréisste Vertrieder vun där Aart, et gëtt awer ugeholl, datt et Exoplanéite gëtt, déi däitlech méi grouss sinn a komplett aus Eise bestinn.

De Planéit Merkur, opgeholl 2008 vun der Messenger-Sond, besteet zu 70 % aus Metall

Genesis änneren

Eiseplanéite kënnen entstoen, wann e gewéinlechen Eisesilikatplanéit (wéi z. B. d'Äerd) duerch Aschléi vu giganteschen Ausmoosse verännert gëtt. Duerch den Aschlag vun engem ganz grousse Kierper kann de Mantel vum Planéit opgeléist an an de Weltraum geschleidert ginn. Iwwreg bléift dann den héichdichten a relativ stabilen Eisekär. Aktuell Planéitesimulatioune soe viraus, datt Eiseplanéite virun allem a Systemer entstoe kënnen, bei deenen d'Planéiten an engem ganz enken Orbit ëm hiren Zentralstär kreesen. Och a Systemer, déi vun engem besonnesch grousse Stär dominéiert ginn, kann déi protoplanetaresch Scheif räich un Eise sinn an Eiseplanéite bilden.

Eegenschaften änneren

Eiseplanéite kënne, well hinnen e Mantel feelt a si wéinst hirer héijer Dicht en entspriechend Uewerfläche-Volumen-Verhältnes hunn, ganz séier ofkillen. Dofir ass net z'erwaarden, datt sou Planéiten e Magnéitfeld entwéckelen oder tektonesch Prozesser op hirer Uewerfläch weisen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren