En Eemer ass e waasserdichten, vertikalen huelen Zylinder, deen och d'Form vun enger ofgeschniddener Keel kann hunn, deen uewen op ass an deen zum dacksten e flaache Buedem huet. En déngt dozou, Flëssegkeeten oder och alt fest, éischter reng Matièren, ze transportéieren. Meeschtens ass eng labber Hänk drun, fir e besser ze droen, an och, fir e méi einfach ausschëdden ze kënnen.

En Eemer aus Plastik

Eemere gouf et der schonn an der Steenzäit, fir Waasser ze transportéieren. Si ware fréier aus Holz oder Lieder, méi spéit aus Metall, a sinn haut dacks aus Plastik.

E modernen Eemer huet gewéinlech e Faassungsvolume vu ronn 10 Liter.

D'Wuert Eemer kann een etymologesch iwwer Mëttelhéichdäitsch e(i)nber, e(i)mber, Alhéichdäitsch eimpar als Léinwuert vum laténgeschen amphora ("Krou mat Grëffer") zeréckféieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Eemeren – Biller, Videoen oder Audiodateien