Eechen um Kënsecker Haff
Déi zwou bemierkenswäert Eechen um Kënsecker Haff sti südwestlech vu Rippeg an der Gemeng Bech. Well et Kappeeche sinn, déi zu Lëtzebuerg seele sinn, an och wéinst der Plaz wou se stinn, gehéiere se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Eechen um Kënsecker Haff | |
---|---|
Déi zwou bemierkenswäert Eechen. Am Hannergrond: d'Gebaier vum Kënsecker Haff. | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bech |
Koordinaten | 49°44'15,61"N, 6°18'42,98"O |
Bamaart | Eechen |
Héicht | 19 m, 18 m (2000; 2000) |
Duerchmiesser | 1,43 m, 1,39 m (2000; 2000) |
Ëmfang | 4,49 m, 4,37 m (2000; 2000) |
Aus de Quelle geet net ervir ob et Summer- oder Wantereeche sinn.
Lokalisatioun änneren
Déi zwou Eeche sti riets vum Wee (Am Pesch) dee vu Rippeg op de Kënsecker Haff féiert, ronn 420 m. no de leschten Haiser.
Entwécklung vun de Beem änneren
Kappeechen entsti wa bei Eechen déi jonk Äscht reegelméisseg bis op de Stamm zeréck geschnidde ginn.
D'Eechen um Kinséckerhaff goufe fir d'lescht am Éischte Weltkrich zeréckgeschnidden. D'Schuel vun den Äscht gouf als Lou an der Liederindustrie gebraucht (Modert 1962).
Déi déckst vun den zwou Eeche steet op engem Fiels vum Keuper, deen se ugefaangen huet mat hirer Schuel z'ëmwéckelen.
Joer | [1] | Bemierkung | ||
---|---|---|---|---|
≈2000 | 4,49 | 1,43 | 19,00 | westlech Eech |
4,37 | 1,39 | 18,00 | ëstlech Eech |
Fotoalbum änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Eechen um Kënsecker Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Quellen änneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 50-51, Text a Foto).
- Modert, Paul, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. (Cf. S. 9). Broschür ouni Indikatioun vum Éditeur an der Dréckerei.
Referenzen an Notten änneren
- ↑ op Broschthéicht gemooss