Den Edy Schütz, gebuer de 15. Mee 1941 zu Téiteng, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.[1]

Edy Schütz
Gebuer 15. Mee 1941
Téiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

1964 hat hien, 11 Joer nom Francis Gelhausen, als zweete Lëtzebuerger d'Österreich-Rundfahrt gewonnen. Am Generalklassement hat hien eng Minutt a 55 Sekonne Virspronk op de Johny Schleck.

Am Tour de France 1966 hat hien d'Etapp vun Ivrea op Chamonix iwwer 188 km gewonnen.

Den Edy war sechsmol am Tour de France mat dobäi an zwar 1966 (Plaz 34), 1967, 1968, 1969 (Plaz 15), 1970 (Plaz 38), 1971 (Plaz 56 (oder 55?)).

1972 hat hien d'Vëlosgeschäft vu sengem verstuerwene Schwéierpapp Jacques Majerus zu Diddeleng iwwerholl.

Hien hat ënner anerem als gudde Frënd de Josy Liberatore och e lëtzebuergesche Coureur bekannt als de Bibi, deen him am Atelier gehollef huet.

Zanter 1963 lieft den Edy Schütz mat senger Fra Maisy Majerus zu Diddeleng.

Palmarès änneren

1962 änneren

1963 änneren

1964 änneren

1965 änneren

1966 änneren

1967 änneren

1968 (Molteni) änneren

1969 (Molteni) änneren

1970 (Molteni) änneren

1971 (Mars - Flandria) änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Den Edy Schutz op der Websäit sports-reference.com