Edward Singleton Holden

US-amerikaneschen Astronom

Den Edward Singleton Holden, gebuer de 5. November 1846 zu St. Louis, Missouri a gestuerwen de 16. Mäerz 1914 zu West Point, USA war en US-amerikaneschen Astronom.

Edward Singleton Holden
Gebuer 5. November 1846
St. Louis
Gestuerwen 16. Mäerz 1914
West Point
Nationalitéit USA
Educatioun Washington University in St. Louis,
United States Military Academy
Aktivitéit Astronom, Bibliothecaire, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

Den Holden hat Mathematik an Astronomie zu Washington D.C. studéiert an och do graduéiert. 1866 koum hien als Kadett op d'US-Militärakademie zu West Point a gouf 1871 Läitnant an der Artillerie. Hie gouf dann 1872 dem Ingenieurscorps zougedeelt. Gläichzäiteg war e Léiermeeschter op der Militärakademie. 1873 ass en aus der Arméi ausgetrueden a gouf Professer fir Mathematik an der Marinn an ass doropshin dem United States Naval Observatory zu Washington zougedeelt ginn.

Als Observateur zu Washington war hien haaptsächlech mat Observatiounen um neie 26-Zoll-Teleskop beschäftegt, woubäi säin Haaptintressi den Niwwelflecken (Galaxien an de Stärekéip) gegollt huet. Aus där Zäit ass säi Wierk Monograph of the Central Parts of the Nebula of Orion (Washington 1882). Dora weist en no, datt den Orionniwwel zanter 1758 wuel keng Ännerung vun der Form hat, awer seng Hellegkeet geännert hat - e fréit Indiz fir rezent Stäregenesis.

1881 gouf den Holden Professer vun der Astronomie an Direkter vum Washburn-Observatoire vun der University of Wisconsin zu Madison, 1886 President vun der Universitéit vu Kalifornien a gläichzäiteg Direkter vum Lick-Observatoire. Aus deem Amt ass hien 1898 nees ausgetrueden.

Den Holden ass och Matgrënner vun der Astronomical Society of the Pacific. 1901 goung hien nees zeréck op West Point an huet do als Bibliothecaire geschafft, fir sech der wëssenschaftlecher Schrëftstellerei a Rou hinzeginn.

Den Edward Singleton Holden ass de 16. Mäerz 1914 als Bibliothecaire zu West Point gestuerwen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie