Edward Kennedy

amerikanesche Politiker

Den Edward Moore ("Ted") Kennedy, gebuer den 22. Februar 1932 zu Boston am Massachusetts, a gestuerwen de 25. August 2009 zu Hyannis Port, war en US-amerikanesche Politiker.

Edward Kennedy
Gebuertsnumm Edward Moore Kennedy
Gebuer 22. Februar 1932
Gestuerwen 25. August 2009
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Politiker, Affekot, Autobiograph
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Geschwëster John F. Kennedy, Patricia Kennedy Lawford, Robert F. Kennedy
Kanner Patrick J. Kennedy

Hie war vun 1962 bis zu sengem Doud Member vum Amerikanesche Senat fir de Staat Massachusetts.

Den Edward Kennedy war dat jéngst vun den néng Kanner vum Entreprener Joseph P. Kennedy, Sr. an deem senger Fra Rose. Hie war de leschte männlechen Iwwerliewende vun der zweeter Generatioun vun der Kennedy-Famill, an de Brudder vum John F. Kennedy a vum Robert F. Kennedy, déi allenzwéin ermuert goufen.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Commons: Ted Kennedy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck änneren