De Chrétien Edouard Caspari, gebuer den 13. September 1840 zu Sainte-Marie-aux-Mines a gestuerwen am 1918 war e franséische Marinn-Ingenieur an Astronom.

Edouard Caspari
Gebuer 13. September 1840
Sainte-Marie-aux-Mines
Gestuerwen 9. Dezember 1918
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Astronom, Militär

De Caspari ass am Joer 1860 op d'École polytechnique gaangen. Vun 1862 bis 1902 war hie Marinn-Ingenieur (Ingénieur Hydrographe), deen déi franséisch Küsten, ë. a. de Bassin d'Arcachon, de Golf vun Tonkin, Guadeloupe, an de Golf vu Siam vermooss huet. Donieft huet hie meteorologesch Observatioune gemaach an huet Astronomiecourse fir de Service Hydrographique de la Marine ginn, wouraus och e Léierbuch entstanen ass. Fir säi Buch iwwer Marinne-Chronometer (1893 och an däitscher Sprooch) krut hien 1878 de Prix Montijon vun der Academie des Sciences. Hien huet och den Artikel iwwer Aueren an der Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften geschriwwen. 1905 war hie President vun der Société astronomique de France. Hie war och Direkter vun der Kaartesectioun vum Marinnendepot.

Literatur änneren

  • Cours d'astronomie pratique - application à la géographie et a la navigation, 2 Bände, Gauthier-Villars 1889
  • Untersuchungen über Chronometer und nautische Instrumente, Bautzen 1893 (deutsche Übersetzung von Les Chronomètres de Marine, 1884, Gauthier-Villars, 203 Seiten)
  • mit Charles-Martin Ploix Météorologie nautique, Paris, Imprimerie Nationale 1874