Edmund Stoiber

däitsche Politiker

Den Edmund Rüdiger Stoiber gebuer den 28. September 1941 zu Oberaudorf an Uewerbayern, ass en däitschen CSU-Politiker.

Edmund Stoiber
Gebuer 28. September 1941
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Politiker, Affekot, Jurist
Partei CSU Bayern

Hien ass zanter 1974 Member vum Bayeresche Landtag, 1993 gouf e Ministerpresident vum Fräistaat Bayern an zanter 1999 ass e President vun der CSU.

Bei der Bundestagswal 2002 war den Edmund Stoiber Kanzlerkandidat, d'CDU/CSU gouf dee Moment awer just zweetstäerkst Bundestagsfraktioun. Dräi Joer drop war en dunn designéierte Wirtschaftsminister am Kabinett vun der Angela Merkel, huet sech awer kuerzfristeg géint dat Amt entscheet an ass bayresche Ministerpresident bliwwen.

Den 18. Januar 2007 huet en deklaréiert, den 30. September 2007 als Ministerpresident zeréckzetrieden an och net méi als CSU-President ze kandidéieren.

Den Edmund Stoiber ass mat der Karin Rudolf bestuet, zesummen hu se dräi Kanner.

Gielercher änneren

Literatur (Auswiel) änneren

  • Stoiber, Edmund a Kabermann, Friedrich: Das Maß der Dinge. Über die Kunst, das politisch Notwendige zu tun. München, 2001
  • Köpf, Peter: Stoiber: die Biografie. Hamburg, 2001
  • Sabathil, Ursula: Edmund Stoiber privat. München, 2001
  • Stiller, Michael: Edmund Stoiber: der Kandidat. München, 2002

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten