Edita Malovčić

éisträichesch Schauspillerin an Singer-Songwriterin

D'Edita Malovčić, gebuer den 21. Januar 1978 zu Wien, ass eng éisträichesch Schauspillerin an, ënnert dem Numm Madita, Singer-Songwriterin.

Edita Malovčić
Pseudonym Madita
Gebuer 21. Januar 1978
Wien
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Schauspiller, Liddermécher, Filmschauspiller

Hire Papp ass de Kemal Malovčić, e bekannte bosneschen Turbo-Folk-Sänger.

Karriär änneren

 
Als Madita um Donauinselfest, 2010.

1999 hat si hir éischt Haaptroll an der Barbara Albert hirem Film Nordrand. Weider Rollen hat si an de Filmer Berlin is in Germany (2001), Kaltfront (2003), Zelary (2003), Vier Minuten (2006), Zweiohrküken (2009) an Der Knochenmann (2009), sou wéi an Televisiounsserië wéi z. B. Tatort, Kommissar Rex, SOKO Kitzbühel oder Medicopter 117.

2022 huet si an der 2. Saison vu Capitani mategspillt.

Am Oktober 2005 koum hiren éischten Album ënner dem Kënschtlernumm Madita eraus. Hire Stil ass eng Mëschung aus Funk, Jazz an Electronica. 2008 koum hiren zweete Studiosalbum Too mat der Single Because eraus, an 2010 deen drëtte mam Titel Pacemaker.

Filmographie änneren

Discographie änneren

 
d'Madita um Jazzfest Wien 2008
  • 2005: Madita
  • 2008: Too
  • 2010: Pacemaker
  • 2012: Deluxe Edition / Flavours

Singles änneren

  • 2005: Ceylon
  • 2008: Because
  • 2008: Better Brother
  • 2010: ET

Gielercher änneren

  • Österreichischer Filmpreis 2021 – bescht weiblech Nieweroll am Film Quo Vadis, Aida?

Um Spaweck änneren

Commons: Madita – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren