Den Earl Silas Tupper, gebuer den 28. Juli 1907 zu Berlin (New Hampshire) a gestuerwen de 5. Oktober 1983, war den Erfinder vun Tupperware, Plastiksbehälter fir Liewensmëttel ze versuergen.

Earl Tupper
Gebuer 28. Juli 1907
Gestuerwen 5. Oktober 1983
Costa Rica
Nationalitéit USA
Aktivitéit Entreprener, Erfinder, Designer

Wéi den Tupper an der Tëschekrichszäit bei DuPont Chemical Company geschafft hat, krut hie Stécker vu Polyethylen-Offall. Dëst Material huet den Tupper gebotzt an et nei ageschmolt fir Dëppercher, Tasen a Platen doraus ze formen. Souguer Gasmasken, déi am Zweete Weltkrich vun der amerikanescher Arméi gebraucht goufen, huet den Tupper aus sengem onzerbriechleche Material gegoss. Fir waasserdicht a loftdicht Deckelen huet hien de System vun de Faarfdousen iwwerholl. 1938 huet hien Tupperware Plastics Company gegrënnt an 1946 krut de Client dem Tupper seng Produkter an de Butteker ze kafen. Mä, ufanks der Fofzegerjoren, huet den Tupper säi Verkafssystem geännert. Tupperware gouf aus de Butteker geholl a gouf nëmmen nach op private Partië verkaaft. Dee Marketing-System ass zanterhier vu munche Firmen imitéiert ginn.

1958 huet den Tupper, no Gedeessems mat sengen Associéen, Tupperware un Dart Industries verkaaft.